Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann d'Relioun de Rechtsstaat a Fro stellt

Fräie Mikro

Wann d'Relioun de Rechtsstaat a Fro stellt

Verschidde Reliounen hunn an hiren extreemste Formen den Usproch, sech iwwer dat weltlecht Gesetz ze stellen. Dobäi kënnen och Grondprinzipien, wéi de Verbuet vun der Diskriminatioun, a Fro gestallt ginn. An zwee Uerteeler hunn déi zwou héchsten europäesch Geriichter bekräftegt, datt reliéis Reegelen net dierfen de Virrang kréie virun dem Rechtsstaat an dat zum Nodeel vun islamescher Léier a chrëschtleche Feierdeeg.

auto_stories

5 min

De Frank Wies ass Affekot. Foto: Archiv.

Virun dem Gesetz solle mir all gläich sinn. Dat steet an eiser Verfassung an ass och de Pilier vun der universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter. All Mënsch, egal vu wéi enger Hierkonft, Hautfaarf an Iwwerzeegung, soll mat der selwechter Dignitéit an de selwechte Rechter op d'Welt kommen.

An enger Reliounsgemeinschaft gëllt dat am beschte Fall fir all d'Membere vun der Communautéit, déi sech doduerch vun deenen Net- oder Aneschtgleewegen ofgrenzen. Dacks sinn awer och nach innerhalb vun der selwechter Relioun, fräi nom George Orwell, verschidden Déiere méi gläich wéi déi aner. Meeschtens betraff dovunner sinn d'Fraen, deene manner Rechter zougestane ginn. Esou kann zum Beispill am Islam eng Witfra just ee Véierel vun hirem Mann sengem Verméigen ierwen, während de Mann bis zur Halschent vu senger verstuerwener Fra hirer Ierfschaft kréie kann.

Wat zielt? D'Regele vum Islam oder d'zivil Gesetzer?

Dës Regel war den Ausgangspunkt vun engem Ierfschaftssträit a Griicheland. Eng Witfra hat vun hirem verstuerwene Mann laut engem Testament dat ganzt Verméige geierft. Well de Verstuerwene Member vun der muslimescher Glawensgemeinschaft war, hu seng Schwësteren dorop gepocht, hei misst eleng de Koran ugewannt ginn an net d'Testament.

Si wollten also e Stéck vum Kuch an hu sech heibäi op zwou Konventiounen aus de 1920er Jore beruff, laut deenen de griichesche Staat sech verflicht huet, der muslimescher Minoritéit a Griicheland ze erlaben d'Regele vum Islam an hire Relatiounen ënner eneen ze respektéieren, an net déi zivil Gesetzer.

Grondrechter komme jiddwerengem zegutt

An déi griichesch Gerichter hunn de Schwësteren a leschter Instanz Recht ginn. Si hunn d'Testament verworf an decidéiert, dem Verstuerwene seng Ierfschaft misst no de Regele vum Koran opgedeelt ginn. Am Plaz dat ganzt Verméige sollt d'Witfra also nëmmen ee Véierel kréien. An dat, obwuel hire verstuerwene Mann a sengem Testament dat anescht geregelt hat. Dat islamescht Recht gouf also entgéint dem Wëlle vum Verstuerwenen, deem senger Fra opgezwongen.

A genau dee Punkt ass vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter den 19. Dezember 2018 sanktionéiert ginn. Et verstéisst géint de Verbuet vun der Diskriminéierung. D'Grondrechter musse jiddwerengem zegutt kommen, ouni iergend en Ënnerscheed ze maachen, sief et wéinst Geschlecht oder, wéi an dësem Fall, Relioun.

Reegele vu Reliounsgemeinschaft kënnen net opgezwonge ginn

Wann een decidéiert huet, d'Regele vu senger Reliounsgemeinschaft net wëllen ze applizéieren, dann ass dat engem säi gutt Recht an et kann een dat net opgezwonge kréien. De griichesche Staat hat beim Geriichtshaff argumentéiert, déi Regel hätt zum Zweck, déi reliéis Minoritéit vun de Moslem a Griicheland ze beschützen. Dat dierf awer net geschéien, esou déi Stroossbuerger Riichter, wann een net wëll beschützt ginn.

Iwwregens war Griicheland bis dohin dat eenzegt europäescht Land, wat op déi Manéier reliéis Gesetzer applizéiert huet, och wann déi Bedeelegt dat guer net wollten. Zanter dem 14. Januar gouf dës Regel elo ofgeschaaft. D'Regele vum Islam kënnen also just nach applizéiert ginn, wann all Bedeelegt dat och wëllen.

Dem reliéise Wëlle si kloer Grenze gesat

Et ass dës Evidenz, déi dozou geféiert huet, datt verschidde Verschwörungstheoretiker an aner Populiste behaapt hunn, de Geriichtshaff vu Stroossbuerg hätt der Scharia Prioritéit virun de Mënscherechter ginn.

De Géigendeel ass de Fall. Well och wa reliéis Gesetzer mam Averständnis vun de Parteie soll ugewannt ginn, esou kann dat ni dozou féiere Grondrechter ze verletzen. Dem fräie reliéise Wëlle ginn also kloer Grenze gesat.

Mussen Net-Chrëschten op chrëschtleche Feierdeeg fräi kréien?

Dës Woch hat de Geriichtshaff vun der europäescher Unioun hei uewen um Kierchbierg en anere Fall vun engem Konflikt tëschent Relioun an rechtsstaatleche Prinzipien ze klären. Et goung dës Kéier ëm Privileegien, déi eng bestëmmte Reliounsgemeinschaft huet, a vun deenen déi Leit, déi net Member sinn, net profitéiere kënnen. Speziell betrëfft dat reliéis Feierdeeg.

An Éisträich hu Membere vun der kathoulescher an der protestantescher Kierch op Karfreideg e gesetzleche Feierdag zegutt. Si mussen deen Dag net schaffen a ginn trotzdeem bezuelt. Fir dovunner ze profitéiere muss een awer Member am Veräi sinn. All Net-Chrëschte mussen also schaffen. D'Argument fir dës Ongläichbehandlung ass et, de Chrëschten op deem an hirer Relioun wichtegen Dag ze erlaben, hire Kult ze praktizéieren. Fir d'Net-Chrëschten dogéint wier dat en hondsgewéinlechen Dag, wou si net misste vun der Aarbecht fräigestallt ginn.

All Salarié muss vu chrëschtleche Feierdeeg profitéiere kënnen

Elo kann een dat Argument awer op all Relioun uwenden, well och esouguer d'Unhänger vum fléiende Spaghettismonster hu mat Sécherheet reliéis Fester, wéi dat vun der Pasta Bolognese, op deene si gäre fräi hätten. Si an déi Gleeweg vun anere Relioune profitéieren an Éisträich awer net vun deenen Avantagen.

Fir den europäesche Geriichtshaff ass dat eng Diskriminatioun opgrond vun der Relioun, fir déi et keng zefriddestellend Rechtfäerdegung géif ginn. An hirem Uerteel vun dëser Woch hale si dofir fest, datt wann Éisträich dëse Feierdag fir Chrëschte bäibehale wëll, datt all Salarié, egal ob chrëschtlech oder net, dovunner profitéiere muss.

De Gläichheetsprinzip virum Gesetz huet also gewonnen. Et kann ee weder engem géint säi Wëlle reliéis Regelen opzwéngen, nach dierf een enger bestëmmter Relioun eleng Privileegien accordéieren.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.