Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walprogramm vun déi Lénk: Alles ze gewannen

Chamberwalen 2023

Walprogramm vun déi Lénk: Alles ze gewannen

"Alles ze gewannen", dat ass de Motto vum Walprogramm vun déi Lenk fir d'Parlamentswalen. An 20 Kapitele setzen sech déi Lenk virun allem fir hir klassesch Theeme sozial Gerechtegkeet, Logement a gerecht Steierpolitik an. Gefuerdert gouf och eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit an d'Eropsetze vum Mindestloun ëm 300 Euro. Nieft soziale Froe stinn de Schutz vun der Ëmwelt bei déi Lénk ganz uewen an de Prioritéiten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et wier een kloert Bekenntnis fir sozial Gerechtegkeet a fir Klimaschutz an eng optimistesch Kampfuso vun enger Majoritéit vun de Leit géint eng kleng Minoritéit déi ganz räich ass, sou den David Wagner iwwer de Walprogramm vun déi Lénk. De Motto "Alles ze gewannen" wier ganz bewosst gewielt.

"Natierlech hu grouss Proprietären Interêt drun, datt sech näischt ännert an der aktueller Situatioun, mee andeems mir d'Loyeren zum Beispill begrenzen, hunn d'Locatairen alles ze gewannen. Natierlech huet d'Grousspatronat all Interêt drun, d'Leit mat engem Mindestloun ofzespeisen, mee andeems mir de Mindestloun ëm 300 Euro eropsetzen hunn déi schaffend Leit, déi ënner der Deierecht ze leiden hunn, alles ze gewannen."

Fuerderung no enger sechster Congéswoch

Den Aarmutsrisiko wéinst de Logement wier zu Lëtzebuerg iwwerdriwwen héich, souguer bei Leit, déi eng Aarbecht hunn. Gefuerdert gouf dofir eng Reduktioun vun der Aarbechtszäit an d'Eropsetze vum Mindestloun ëm 300 Euro.

Et kéint net sinn, datt d'Zuel vu Leit, déi trotz Aarbecht an d'Aarmut falen, nach weider erop geet. An dat an engem Land, an deem sou vill geschafft gëtt, wéi a kengem aneren an der EU. D'Wochenaarbechtszäit misst dofir op 32 Stonnen erof gesat ginn an eng sechst Congéswoch agefouert ginn.

A punkto Logement wëllen déi Lénk d'Festsetze vun engem Maximal-Loyer a méi Bäihëllefe fir Leit, déi hir Prêten net méi kënnen zréck bezuelen. Nieft soziale Froe stinn de Schutz vun der natierlecher Ëmwelt an een zu 100 Prozent ëffentleche Gesondheetssecteur bei déi Lénk ganz uewen an de Prioritéiten.