Wiedersituatioun Wahrscheinlech Ree bis dënschdes moies
D'Donnerwieder-Serie ass nach ëmmer net eriwwer. E puer mouvementéiert Stonne stinn eis wuel nach bevir, seet de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide. Vum Dënschdeg u misst d'Situatioun sech awer berouegen, an dat och fir méi laang. Wat déi nächst Stonnen ubelaangt sinn et dës Previsioune vum jonken Hobbymeteorolog, dee virun allem op facebook e Begrëff ass.
Am Laf vum Nomëtteg huet sech iwwer dem Nordoste vu Frankräich eng Donnerwiederfront forméiert. An de Grenzregiounen ass et zu zolittem Reen, staarke Wand- a Stuermstéiss komm. Dat Ganzt kéint och nach bis an d'Mëtt vum Land eranzéien, d'Donnerwiedere sollte sech awer lues a lues ofschwächen, sou de Philippe Ernzer vu Météo Boulaide. Aktuelle Berechnungen no kéint et ouni Ënnerbriechung bis dënschdes moies reenen. Dobäi kéinten 20 bis 40 Liter Reen op de Quadratmeter falen.
Verglach mat de leschte Weekender
De Philippe Ernzer am Gespréich mam Maurice Molitor: