Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wahlsystem benodeelegt kleng Parteien"

Chamberwahlen 2018

"Wahlsystem benodeelegt kleng Parteien"

De Jean Colombera (PiD) an de Robert Mehlen (ADR) si sech eens doriwwer, datt de Lëtzebuerger Wahlsystem ongerecht wier, well e méi kleng Parteie géif benodeelegen. Déi fundamental Ongerechtegkeet wier, datt d'Stëmmen aus verschiddene Wahlbezierker net dat selwecht Gewiicht hätten, sou de Robert Mehlen.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

play_arrow

"Mir haten am Osten déi leschte Kéier 31.000 Wieler. Den Zentrum hat der 62.000. Dat ass genee dat duebelt. Mir däerfe siwen Deputéierter wielen. D'Leit am Zentrum dierfen der 21 wielen. Dat ass dräi Mol méi." Doraus géif sech kloer erginn, datt déi Stëmm, déi de Wieler am Osten oder Norde géif ofginn, manner wäert ass, wéi d'Stëmm, déi e Bierger am Zentrum ofgëtt. Dat wier géint d'Lëtzebuerger Constitutioun, seet de Robert Mehlen. An der Constitutioun steet "les luxembourgeois sont égaux devant la loi".

Colombera: "ADR huet sech e rietst Profil ginn"

De Jean Colombera wéilt net zeréck an d'ADR. D'Partei hätt um Ufank fir "de klenge Mann" a fir Gerechtegkeet gestanen, dat wier haut net méi de Fall. "Wéi se Profil hu misse gewannen, si Leit erakomm, déi méi no riets gedréckt hunn, wat de Profil vun der ADR dunn total verännert huet, a wou verschidde Leit dunn erausgaange sinn", sou de President vun der Partei fir integral Demokratie, déi mat der Piratepartei an d'Chamberwahle geet.

Dat wier awer nëmmen ee Grond, firwat hien d'Partei verlooss hätt, och tëschemënschlech Problemer wieren dobäi komm.

Mehlen: Méi konservativ, awer net rietsextrem

D'ADR hätt sech effektiv e Profil ginn, dee "méi a Richtung konservativ" geet. Dat wier awer an engem positive Sënn geschitt. Generell géif sech d'Fro stellen, "wat een ënner riets versteet", seet de Robert Mehlen (ADR). Mat der Perceptioun vu riets, wéi se am Ausland géif gesi ginn, hätt dat "wierklech näischt ze dinn".

Et hätt sech, dem Robert Mehlen no, bewisen, "datt an der Lëtzebuerger Populatioun e Besoin ass, fir derfir ze suergen, datt Lëtzebuerg - ech soen elo mol einfach plakativ - Lëtzebuerg bleift".

Mehlen: "Iwwerfriemung"

Lëtzebuerg géif sech duerch eng "Iwwerfriemung" an duerch "Opaffere vun eiser Identitéit, lues a lues opléisen". Dat hätt awer näischt mat enger rietser oder rietsextremer Politik näischt ze doen. "Ech sti jiddefalls voll hanner deem Kurs, dee mir de Moment fueren", sou de Robert Mehlen.

Colombera: "Jiddweree brauch deen Aneren"

Mat deem Constat ass de Jean Colombera net averstanen. "Ech hunn e Migratiounshannergrond. Ech komme vun der Famill aus aus Italien. Ech hu mech hei integréiert vu Klengem un. Fir mech ass dat absolut kee Problem. Also d'Sprooch soll net dee Facteur sinn, fir d'Leit auszegrenzen. Mir sinn all Mënschen. Wat zielt ass de Respekt Ee virun deem Aneren. An ech fäerten net d'Iwwerfriemung. Ech denken integral, dat heescht, jiddwereen ass e Stéck vum grousse Bild, vum Puzzel. An deen ee brauch deen Aneren."