Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahlresultat: "Wiessel vu perséinlechen a kollektive Valeuren"

Chamberwahlen 2018

Wahlresultat: "Wiessel vu perséinlechen a kollektive Valeuren"

D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen am Land wiere mëttlerweil méi kleng ginn. Dobäi kéim e Wiessel vun de perséinlechen a kollektive Valeuren zu Lëtzebuerg, déi déi historesch Parteien net géingen ofdecken. De soziale Konservatismus hätt sech bei dëse Wahlen deplacéiert bei e Konservatismus vun der Liewensqualitéit, deen duerch déi Gréng representéiert wier.

auto_stories

3 min

Philippe Poirier

De Philippe Poirier stellt och en enorme Legitimitéitsdefizit fest:

"Ech leeën d'Opmierksamkeet drop, datt et déi éischt demokratesch Wahl an der ganzer Geschicht vu Lëtzebuerg ass, wou am Sënn vum ausgedréckte Wahlrecht e leschte Sonndeg, manner wéi 37 Prozent vun der erwuessener Populatioun déi zu Lëtzebuerg lieft, gewielt hunn. Et ass eng reduzéiert Demokratie, déi net déi ganz sozio-ekonomesch Gesellschaft déi zu Lëtzebuerg existéiert, abezitt."

Dat wier déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg wou d'Elektorat géigeniwwer der erwuessener Populatioun an der Minoritéit ass. D'Elektorat hätt sech reduzéiert an zur Wuelstandsgesellschaft hin deplacéiert , sou de Philippe Poirier. Dat géif och dat gutt Resultat vun deene Gréngen erklären an och firwat d'LSAP an och d'CSV bei de Wahlen esou staark verluer hunn.

"Dat wëll heeschen, datt de Sozialsystem - dee vum Sozialkatholizismus geierft war, eng gewësse Form vu Sozialkohesioun, eng gewësse Form vun intergenerationeller Solidaritéit, de Bezuch zum Staat etc. - dat effacéiert sech progressiv a der Lëtzebuerger Gesellschaft. All d'Enquêten iwwer d'Wäerter an iwwer d'Wahlverhale weisen dat. Dat effacéiert sech, dat verschwënnt net, mee dat hëlt of. D'selwecht fir d'Sozialdemokraten. Wat am Süden oder Zentrum de Sockel vun der Sozialdemokratie ausgemaach huet, effacéiert sech och progressiv."

De soziale Konservatismus hätt sech bei dëse Wahlen deplacéiert bei e Konservatismus vun der Liewensqualitéit, deen duerch déi Gréng representéiert wär.

"E Vote op zwee Niveauen"

Et hätt e Vote op zwee Niveaue ginn, seet de Philippe Poirier. Den éischten Niveau wier e strukturelle Vote. "Dat heescht, datt d'CSV an d'LSAP Schwieregkeete bei der Wahl haten, net nëmme wéinst der Wahlcampagne, oder wéinst dem Score vu Personalitéiten, mee well sech déi politesch chrëschtlechsozial a sozialistesch Kultur reduzéiert huet."


Op engem zweeten Niveau hätt et eng Verännerung vun den individuellen a kollektive Valeuren zu Lëtzebuerg ginn. Dat géif no an no zu engem Distanzéiere vun den historesche Partei féieren, déi bis elo de politesche System zu Lëtzebuerg strukturéiert hunn, seet de Philippe Poirier.

"D'Wieler haten de Choix tëscht dräi Weeër. Ee méi konservativen an identitäre Wee dee vun der ADR incarnéiert gëtt. E Wee vum ekonomesche Wuelstand, deen un der Liewensqualitéit interesséiert ass - déi Gréng. An e liberalen a libertäre Wee. A wat hunn se gewielt? An do ass d'Iwwerraschung vun der Wahl: den originelle Wee vun de Piraten. Si hunn den Deplacement validéiert vum soziale Konservatismus bei de Konservatismus vun der Liewensqualitéit, duergestallt am Vott fir déi Gréng"