Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet gewielt

Europawahlen 2019

Lëtzebuerg huet gewielt

Bis 14 Auer konnten hei am Land 283.683 Wieler hir Stëmm ofginn. Am Rennen ëm déi sechs Sëtz am Europaparlament si 60 KandidatInne vun zéng Parteien. Resultater däerfen eréischt no 23 Auer publizéiert ginn.

auto_stories

5 min

Wie sinn d'Wieler?

Ënner de Wieler sinn 260.508 wahlberechtegt Lëtzebuerger. Dobäi kommen 23.175 EU-Auslänner, déi sech an d'Wielerlëschten ageschriwwen hunn. Domadder hu ronn 12 Prozent vun den EU-Auslänner, déi am Grand-Duché liewen, decidéiert hei hir Stëmmen ofzeginn. Déi meescht vun hinne si Portugisen, virun de Fransousen an Italiener.

Bal all fënnefte Wieler hei am Land huet d'Bréifwahl ugefrot.

Wie sinn d'Kandidaten?

Déi meescht Parteien hunn dräi männlech an dräi weiblech Kandidaten. CSV, DP, LSAP, déi gréng a déi Lénk trieden iwwerdeems mat engem Mann an enger Fra als Spëtzekandidaten un.

Aus Geschlechterperspektiv net equilibréiert si just d'Lëschte vun der Piratepartei an déi Konservativ, déi all Kéier mat just zwou Kandidatinnen untrieden.

Den Duerchschnëttsalter vun de Kandidaten ass 43,5 Joer. déi Konservativ hu mat enger Moyenne vu bal 52 Joer déi eelste Kandidaten. Déi lénk Kandidate si mat duerchschnëttlech 38 Joer am jéngsten.

Just zwee vun alle Kandidaten hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Eelef Kandidaten hunn nieft der Lëtzebuerger nach eng aner Nationalitéit.

23 vun de Kandidaten hu schonn e politescht Mandat, déi meescht (17) op Gemengenniveau. Sechs Chamberdeputéiert gi mat an d'Europawahlen.

Een Drëttel vun de Kandidate si Salariéen. Eelef sinn oder ware Fonctionnairen, véier dovunner Enseignanten. Véier sinn oder waren Independanten. Néng si Schüler oder Student. Fënnef si Pensionéierter.

Ginn et hei am Land Prognosen?

Zu Lëtzebuerg goufen am Virfeld vun den Europawahle keng Sondagë publizéiert. Et ginn also keng Indicatiounen iwwer d'Stëmmung virun de Wahlen.

Aktuell verdeele sech déi sechs Lëtzebuerger Sëtz am Europaparlament esou:

  • CSV: Dräi Sëtz (Christophe Hansen, Georges Bach, Frank Engel)
  • LSAP: Ee Sëtz (Mady Delvaux)
  • DP: Ee Sëtz (Charles Goerens)
  • déi gréng: Ee Sëtz (Tilly Metz)

Déi spannend Froen um Wahlowend

Behält d'CSV hir dräi Sëtz?

Dat war zanter den éischten Direktwahle vum Europaparlament 1979 just zwee Mol net de Fall (1994 an 1999), obwuel d'CSV deemools als stäerkste Partei iwwer 30 Prozent vun de Stëmme krut. Bei de leschte Chamberwahle kruten déi Chrëschtlech-Sozial 28,3 Prozent vun de Stëmmen - bei engem ähnleche Score kéint et schwiereg ginn den drëtte Sëtz ze halen. Dobäi kënnt, datt prominent CSV-PolitikerInnen net méi mat an d'Wahle ginn. 2014 war d'Viviane Reding mat bal 130.000 Stëmmen déi beschtgewielte Politikerin am Land. De Georges Bach war mat ronn 68.000 véierten am nationale Ranking, virum Frank Engel mat bal 66.000 Stëmmen. Déi zwee CSV-Spëtzekandidate bei dëse Wahlen, de Christophe Hansen an d'Isabel Wiseler Lima koumen deemools mat jeeweils ronn 63.000 respektiv 60.000 Stëmmen op sechster a siwenter Plaz.

Huet d'LSAP déi nächst Legislatur nach een Europadeputéierten?

2014 huet d'LSAP mat 11,7 Prozent vun de Stëmmen hiert schlechtst Resultat bei Europawahle gehat. Deemools ass et nach sou just fir e Rechtsëtz duergaangen. Spëtzekandidatin war deemools déi fréier LSAP-Ministesch Mady Delvaux. Och dës Kéier trëtt d'Partei mam Nicolas Schmit mat engem fréiere Minister als Co-Spëtzekandidat un. Aner Spëtzekandidatin ass déi 24 Joer al Politikstudentin Lisa Kersch.

Wie kritt eventuell ee Sëtz bäi?

Wéi vill Stëmmen eng Partei brauch fir een oder méi Sëtz ze kréien, hänkt vun der Zuel vu Parteien of, déi untrieden. An dovunner, wéi d'Stëmme sech op dës Parteie verdeelen.

Bis ewell huet eng Partei hei am Land op d'mannst 10,73 Prozent vun de Stëmme gebraucht, fir ee Sëtz am Europaparlament ze kréien (1994, déi gréng). Wann een d'Chamberwahlen als rezentste Stëmmungsbarometer erun zitt, gesäit een, datt ënnert de klenge Parteien, déi bis elo nach net am Europaparlament vertruede sinn, d'ADR mat 8,28 Prozent am noosten un dee Score eru koum.

Fir en zweete Sëtz ze kréien ware bis ewell op d'mannst 23,58 Prozent vun de Stëmmen néideg (1999, LSAP). Am nooste bei deem Score louche bei de Chamberwahlen d'LSAP mat 17,6 an d'DP mat 16,9 Prozent vun de Stëmmen.

Wéini gi Resultater publizéiert?

Well déi lescht Wahlbüroen an Italien eréischt um 23 Auer den Owend zoumaachen, däerfe bis dohinner néierens an der EU offiziell Resultater publizéiert ginn. Zu Lëtzebuerg sollen déi éischt offiziéis Resultater direkt um 23 Auer public ginn. Et ginn an den eenzele Länner awer virdru scho Prognose publizéiert, soubal d'Wahlbüroen zou sinn.

Wat sinn d'Enjeuxen op europäeschem Plang?

D'Europaparlament spillt als Co-Legislateur eng wichteg Roll am legislative Prozess. Lëtzebuerg stellt mat sechs vun am Ganzen 751 Europadeputéierte just ee ganz klengen Deel vum Europäesche Parlament. Am Verglach zur Populatioun ass de Grand-Duché domadder awer relativ gutt representéiert: Ee Lëtzebuerger Europadeputéierte vertrëtt ronn 100.000 Awunner. Een däitschen Europadeputéierte vertrëtt par konter 860.000 Awunner.

Déi lescht Sondagen, déi zu den europawäiten Dynamike publizéiert goufen, deiten drop hin, datt déi zwou grouss Fraktiounen, d'Europäesch Vollekspartei an d'Sozialdemokraten, an der nächster Legislatur fir d'éischte Kéier an der Geschicht vum Europaparlament gemeinsam keng Majoritéit méi kréien. Fir d'Wiel vum EU-Kommissiounspresident a fir Gesetzer ze stëmmen, mussen also aner Majoritéite gesicht ginn.

De Sondagen no kéinten europaskeptesch a rietspopulistesch Parteien am Europaparlament gestäerkt ginn. Et schéngt grad um rietse Bord awer onwahrscheinlech, datt dës Parteien et fäerdeg brénge sech zu enger gemeinsamer Fraktioun zesummenzeschléissen.

Wéi geet et no de Wahle weider?

  • Dënschdeg, 28. Mee 2019: EU-Staats- a Regierungscheffe wëllen op engem Spezialsommet mam Choix vum neien EU-Kommissounspresident ufänken
  • 20. an 21. Juni 2019: EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéieren op hirem regulären EU-Sommet iwwer dat zukünftegt Spëtzepersonal an der EU
  • Bis de 24. Juni: Déi nei gewielten Europadeputéiert verhandelen doriwwer, wéi si sech Fraktiounen zesummeschléissen
  • 2. Juli 2019: éischt Sitzung vum neien Europäesche Parlament mat Wiel vun engem neie Parlamentspresident (duerno, an der zweeter Sitzung am Juli soll een neien EU-Kommissiounspresident gewielt ginn)
  • Hierscht: D'Europaparlament héiert d'EU-Kommissären, déi vum EU-Kommissiounspresident virgeschloe ginn (op Basis vu Propose vun de Regierungen aus den EU-Memberlänner)
  • 31. Oktober 2019: Amtszäit vun der aktueller EU-Kommissioun geet op een Enn