Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Three Sisters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drénkwaasser-Ressourcen: National Lag ass gutt

Phase de vigilance opgehuewen

Drénkwaasser-Ressourcen: National Lag ass gutt

Op Grond vun den héijen Temperaturen an der unhalender Dréchent haten den Ëmweltministère an d'Waasserverwaltung den 13. Juli d'Phase de Vigilance deklaréiert. An deem Fall gëllt landeswäit d'Recommandatioun manner Waasser ze verbrauchen a kee Waasser ze verbëtzen. D'Brigitte Lambert vum Waasserwirtschaftsamt erkläert, firwat d'Phase de Vigilance de 4. August konnt opgehuewe ginn.

auto_stories

3 min

Et soll ee weidehi spuersam mam Waasser ëmgoen. Foto: Bigstock / Sunshiro

Lauschterenplay_arrow


Et hätt ee gemierkt, datt d'Deklaratioun vun der Phase de Vigilance en Impakt hat an datt d'Consommatioune bei Wäitem net esou héich gi wieren, wéi ee sech dat hätt kënnen - aus der Erfarung eraus - erwaarden. Dowéinst konnt d'Phase de Vigilance de 4. August opgehuewe ginn, erkläert d'Brigitte Lambert vum Waasserwirtschaftsamt.

Den Effekt vum Congé Collectif op de Waasserverbrauch hätt hei och eng Roll gespillt, an dat géing een all Joer bemierken:

" (...) ëmmer mat Ufank vum Congé Collectif, datt ebe ganz vill Leit fortfueren, an d'Ausland fueren, datt och d'Firmen zou sinn. An do hëlt de Verbrauch och nach eng Kéier of, an dat mierke mir och elo ganz staark."

Nei Waasser-Opbereedungsanlag hëlleft

Wärend d'Autoritéiten an eisen Nopeschlänner Alarm schloe well d'Drénkwaasser knapp gëtt, schéngt d'Lag hei am Land dëse Summer esouguer besser wéi nach déi Jore virdrun. Grond wier déi nei Sebes Waasser-Opbereedungsanlag zu Eschduerf, déi am Fréijoer a Betrib gaangen ass, erkläert d'Brigitte Lambert.

Domat hätt een aktuell op nationalem Plang méi Drénkwaasser-Ressourcen zur Verfügung fir déi Versuerger a Gemengen, déi um groussen Drénkwaasser-Syndicat Sebes drunhänken, esou d'Brigitte Lambert. Duerch déi zousätzlech Kapazitéite vu 40.000 Meter Küb den Dag wier d'Situatioun um nationale Plang fir déi grouss Versuerger dëst Joer méi entspaant wéi a Jore virdrun.

Mee net all Gemeng wier un déi grouss Drénkwaasser-Syndikater ugeschloss. Verschidden autonom Gemenge wieren deemno nach an där selwechter ugespaanter Situatioun wéi schonn déi Jore virdrun.

Phase Orange wann d'Drénkwaasser net duergeet

Wann et riskéiert net méi duerzegoe mam Drénkwaasser, da gëtt op lokalem Niveau déi sougenannt Phase orange deklaréiert. Dëst wier ee Gemengereglement dat gestëmmt gëtt a wouduerch déi selwecht oder änlech Moossname wéi an der Phase de Sensibilisation a Phase de Vigilance verbindlech ginn:

"Dat heescht déi sinn obligatoresch, do kann d'Police och kontrolléiere goen an do kann och e Pretekoll geschriwwe ginn."

Aktuell gëllt d'Phase orange nach an de Gemenge Fluessweiler a Wolz.

Weiderhi spuersam mam Waasser ëmgoen

Wéinst den aktuelle Wiederkonditioune bleift och d'Phase de Sensiblisation, déi de 16. Juni landeswäit deklaréiert gouf, bestoen. Et gëllt also weider d'Recommandatioun spuersam mam Waasser ëmzegoen an onnëtz Waassernotzungen ze ënnerloossen.

Fir Waasser ze spueren, recommandéiert d'Brigitte Lambert fir wierklech just dat Waasser ze benotzen, wat ee wierklech brauch. Dofir kéint ee sech de Reflex uneegnen de Krunn zouzedréine wann d'Waasser net lafe muss.

Et sollt een och just do nätze wou et net anescht geet, wéi zum Beispill e Geméisgaart.