Vun enger Ännerung wäerten d'Lycées-Schüler direkt emol näischt mierken. Si sinn elo net méi am éischten Trimester vun hirem Schouljoer, mee am éischte Semester. D'Joer gëtt also elo och do, wou dat net souwisou schonn de Fall ass, an zwee gespléckt, net méi an dräi. Doduerch ka sech e bësse Loft verschaaft ginn am Programm, well - wéinst Quarantänen - eenzel Klassen awer liicht hannendra gerode sinn, wéi et schéngt. Fir d'Schüler huet dee Switch vun Trimester op Semester am Fong just een Nodeel: virun der Chrëschtvakanz musse si dëst Joer effektiv nach bis freides mat an d'Schoul. Mee dofir ass dann d'Fuesent zwou Woche Vakanz amplaz just eng. An nach e Virdeel: an der Zomm mussen an zwee Semestere manner Prüfunge geschriwwe gi wéi an dräi Trimesteren.
Just fir déi iewescht Klassen - mat Ausnam vun de Premièren - also fir 4ème, 3ème an 2èmen gëllt virleefeg emol bis Chrëschtdag een anere Changement: Den Enseignement en alternance. An dee kann, jee no Lycée ënnerschiddlech Formen unhuelen. Entweder ginn d'Klassen an zwee Gruppen opgespléckt, d'Schüler aus deem enge komme physesch an d'Schoul, déi aus deem anere gi vun doheem aus an de Cours bäigeschalt. Oder déi ganz Klass kënnt mol an d'Schoul, mol bleift se doheem a gëtt online ënnerriicht. Dat kann een Dag iwwer deen anere geschéien, oder och eng Woch iwwer déi aner. An huet also näischt méi mat den A- a B-Gruppe vu virum Summer ze dinn, wou déi eng Schoul gehale kruten, wärend déi aner doheem widderhuelen oder Hausaufgabe maache sollten.
An d'Kantinnen? Jo, déi bleiwen op. Allerdéngs däerf een do nach maximal zu véier beieneen un engem Dësch sëtzen. Wiem dat net zouseet, dee ka sech ëmmer nach mat enger Frupstut tréischten.