Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Supershy - Feel Like Makin' Love Feat. Roberta Flack

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vun elektronesche Beats a Schicksalsschléi

Album vun der Woch

Vun elektronesche Beats a Schicksalsschléi

Wann een eppes mat Sécherheet ka soen, dann, dass de Ben Howard kee Museker ass, deen d'Tendenz huet op der Plaz ze trëppelen oder souguer hannerzeg ze goen. Eng vun de Single vu sengem neisten Album "Is It?" dréit zwar den Titel "Walking Backwards", mee bis elo war all nei Plack vum brittesche Songschreiwer e musikalesche Schratt no vir.

auto_stories

4 min

Säin Debut aus dem Joer 2011 huet "Every Kingdom" geheescht a war ganz klasseschen alternative Folk, bei deem d'akustesch Gittar an de Gesang am Vierdergrond stoungen. Well de Ben Howard och Tapping als Technik ugewannt huet, also d'Manéier fir op der Gittar Téin erkléngen ze loossen, an deem ee mat de Fanger op d'Säite schléit, amplaz se ze zupfen, gouf hie mat engem John Butler oder engem Newton Faulkner verglach. Seng ganz gefälleg an agängeg Melodien hu souguer dozou gefouert, dass en deelweis als an engem Otemzuch mam Ed Sheeran genannt gouf. Dat war allerdéngs guer net déi Richtung an déi de Ben Howard wollt goen, dofir huet hien zimmlech séier ugefaangen, bei all neier Release d'Richtung ze wiesselen, fir dass et onméiglech géif ginn, hien esou einfach anzeklasséieren.

E bësse schéngt et, wéi wann de Ben Howard mat all neiem Album géif senger musikalescher Identitéit méi no kommen. A säi Public dierf hien op där Sich e Stéck begleeden. Déi radiofrëndlech, poppeg Melodië vu sengem Debut huet de Ben Howard séier op der Säit gelooss - seng Musek ass an de leschten zéng Joer op all Verëffentlechung e Stéck méi däischter ginn. A wat d'Musek méi nodenklech a méi experimentell gouf, wat och d'akustesch Kläng verschwonne sinn. Fir d'éischt goufen déi akustesch Gittaren zum gréissten Deel duerch elektrescher ersat, dann um véierten Album "Collections from the Whiteout" duerch Beats an elektronesch Sounds. Deen Album gouf iwweregens produzéiert vum musikalesche Chamäoleon Aaron Dessner, deen aktuell och um Ed Sheeran senger leschter Plack geschafft huet - obwuel sech béi Opname soss net änelen.

Déi elektronesch Richtung behält de Ben Howard dann och op senger neister Verëffentlechung "Is It?" bäi. Dofir wierken déi zéng nei Lidder awer e gutt Stéck manner melancholesch oder defätistesch wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. Dat kann iwwerraschen, well grad 2022 war fir de Ben Howard e schwieregt Joer, an deem hie mat gesondheetleche Problemer geplot war: Hien hat zwou TIAs, transitoresch ischämesch Attacken, och "Mini-Hiereschlag" genannt. Eng Zäit konnt hien net méi richteg schwätzen an hat Méi sech ze konzentréieren. An engem Interview mam englesche Guardian huet hien erkläert, dass déi éischt Attack hien erféiert huet, déi zweet hien dann awer drun erënnert huet, wéi wichteg et wier, vun de gudde Momenter am Liewen ze profitéieren.

An den Texter vum Album "Is It?" fënnt ee Referenzen op déi Episoden erëm, notamment am kuerzen Titel "Total Eclipse", deen d'Erfarung vun der zäitweiser Aphasie erëmspigelt oder am Titel "Days of Lantana" an deem et heescht: "The world only turns twice, once for the laughter, once for the memories after."

Hanner dem Mëschpult souz bei "Is It?" den DJ a Produzent Nathan Jenkins, alias Bullion. Obwuel de Ben Howard an den Nathan Jenkins aus verschiddene musikalesche Richtunge kommen, konnten si sech op hir Begeeschterung fir de brittesche Folk vun den 1960er an 1970er eenegen, zum Beispill d'Aarbecht vun engem John Martyn, deen och mat akustescher Gittar ugefaangen huet, fir progressiv ëmmer méi elektresch an elektronesch Sounds a seng Musek anzebauen. Am Titel "Days of Lantana" verstoppt sech dann och e Sample vun der Folkmusekerin Linda Thompson. A genee esou fënnt een hei Referenzen op de fréi verstuerwenen amerikanesche Cellist a Komponist Arthur Russell.

Op "Is It?" verbënnt de Ben Howard ganz effikass ongewéinlech Arrangementer a Melodie mat Ouerewuerm-Potential. Et lount sech op alle Fall, de Songschreiwer a seng Band e Stéck op hirem Wee ze begleeden.