Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Stall bei de Schnitzel: alles huet säi Präis

Schwéngsbaueren

Vum Stall bei de Schnitzel: alles huet säi Präis

Ronn 70 Kilo Schwéngefleesch ginn an der Moyenne hei am Land all Joer pro Kapp giess. De Präis dofir gëtt fir de Konsument ëmmer méi attraktiv. D'Schwéngsbaueren awer verdéngen ëmmer manner op engem Kilo Fleesch. An de leschte Méint sinn d'Präisser nach eemol zolidd gefall. D'Christiane Kleer huet ee Besuch am Stall an am Schluechthaus gemaach a sech erkläre gelooss, wourun dat läit.

auto_stories

5 min


Lauschtert de ganze Reportage.play_arrow


Ronn 6.000 Schwäin huet de Romain Klein a senge Ställ um Wee tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul, dorënner 500 sougenannt Mammeschwäin.

Präisverfall am läschte Joer

Bis kuerz virun der Gebuert halen déi trächteg Sai sech friddlech zesummen um Stréi op.

De Romain Klein ass President vu Cochy, der Associatioun fir d'Marque nationale vum Schwéngefleesch

"Déi dohannen, déi warscheinlech schonn am fënnefte Worf ass, déi wäert elo 300 Kilo weien, déi méi jonk, wéi déi, déi hei virun eis steet, déi ass am Beräich 200-220 Kilo, jo..."

Am Secteur vum Schwéngefleesch zielt - bal - all Kilo a spéitstens zanter e puer Méint och all Cent. Tëschent Januar 2020 an elo ass de Netto-Präis, deen de Schwéngsbauer pro Kilo kritt, mat TVA, vun 1,95 Euro op 1,26 gefall. Am Verglach: de Schwéngschnitzel kascht am Supermarché ronn 10 Euro de Kilo.

"Also mir hunn aktuell d'Situatioun, datt mer eis Déiere mat engem Verloscht vu 50 Euro pro Déier am Verglach vun de Produktiounskäschte mat hei zu Lëtzebuerg gebuere Fierkele mussen akzeptéieren."

Dem Romain Klein säi Schwäistall

Dat heescht: d'Ziichten an d'Opzéie vum Schwäin, mat alle staatlechen Oplagen an de Käschte fir héich ausgerüst Ställ, kascht 50 Euro méi deier pro Schwäin, wéi de Bauer herno vum Schluechthaus kritt.

"Si schlofen de ganzen Dag. Dat ass awer och wéinst der moderner Technik. Si si ganz gezielt gefiddert. Si hunn een Chip am Ouer, dir gesitt do déi Fudderstatiounen, si ginn do ran, an dee Moment seet de Computer, jo du hues haut dräi Kilo zu gutt."

Hunn d'Schwäin, déi fir de Verkaf bestëmmt sinn, bis ee bestëmmt Gewiicht erreecht, also maximal 120 Kilo, da si se prett fir geschluecht ze ginn. Dat geschitt hei am Land entweder zu Ettelbréck oder zu Wecker bei Cobolux, wou de Paul Faltz viru véier Joer mat 29 Joer Direkter ginn ass.

"Et ass wéi op der Bourse"

200 Leit schaffen hei op Schichten, vill Nuets, fir moies frësch an d'Metzlereien oder och Kantinnen ze liwweren. "Et ass wéi op der Bourse", seet de Paul Faltz.

De Paul Faltz vun der Cobolux

De Problem: den europäesche Marché gëtt zur Zäit vu Schwäin iwwerschwemmt. Ee Grond dofir ass Covid-19.

"A ganz Europa ware Schluechthaiser déi zougemaach oder a Quarantän gesat gi sinn. Dat heescht, wann do een Tönnies, dat gréisst Schluechthaus an Europa, véier Wochen zou ass. Déi schluechten 120.000 Schwäin d'Woch, no véier Woch ass dat eng hallef Millioun Schwäin, déi ze vill um Marché sinn. Forcement wann d'Iwwerangebot do ass geet de Präis erof."

Dobäi kënnt eng Konventioun tëscht Däitschland a China iwwer d'Schwéngefleesch, déi graff resuméiert seet: wann an Däitschland d'Schwéngspescht och nëmme lokal ausbrécht, da stoppt China all Importer. A genee dat ass am Summer geschitt.

"Den Export an Däitschland mécht 60 Prozent vum Schwéngefleesch aus, do sinn dann all Woch 60 Prozent ze vill Schwäi sinn. Mir si mëttlerweil bei 1 Millioun schluechtbare Schwäin, déi ze vill um Marché sinn."

D'Schwéngefleesch huet traditionell am Summer Héichkonjunktur, Stéchwuert Grillfester, déi d'lescht Joer coronabedéngt an d'Waasser gefall sinn. Wou also hi mam Lëtzebuerger Schwéngefleesch, wann och nach d'Restauranten zou sinn?

Eng kloer Etikett fir Lëtzebuerger Liewensmëttel

Am Rayon vum Supermarché ass et net einfach mat der bëlleger Konkurrenz matzehalen, seet de Cobolux-Direkter.

"An da gesäis de eist Lëtzebuerger Fleesch wat all Cent wäert ass, nieft Produkter vun Discountere leien, déi da vläicht just d'Hallschent vum Präis kaschten, do froe mir eis heiansdo 'wéi kënnen déi Produkter do iwwerhaapt hiergestallt ginn?'"

Kleng Fierkel zu Nidderfeelen

All Fierkel, wat beim Romain Klein op d'Welt kënnt, wiisst och hei op a gëtt herno hei am Land geschluecht a verschafft. Dräi Mol L nennt sech dee Prinzip am Insiderjargon. Lokal akafe läit zwar am Trend, mee meeschtens entscheet och de Präis.

Ze erkennen, wat fir ee Fleesch vun engem Déier kënnt, wat och säi ganzt Liewen hei gemaach huet, ass net ëmmer evident ze erkennen, dat gëtt och de Romain Klein zou.

"Fir déi meescht Konsumente wäert et ee grousse Problem sinn, well e sech net bewosst ass, wou ass elo den Ënnerscheed, vun dësem Produkt zu deem Produkt, déi eenzeg Méiglechkeet déi besteet, dat ass de Konsumenten dat ze erklären."

Fort mam Dschungel vu Labelen, hin bei eng eenzeg kloer Etikett fir Lëtzebuerger Liewensmëttel, dat fuerdert de Cobolux-Direkter an deem Kontext. An Hëllef vum Staat ass méi wéi wëllkomm, bei béide Vetrieder vum Secteur.