Reesen a Vakanz "Vum Reese gëtt een net méi domm"

Déi aktuell Diskussiounen ëm de Klima géifen d'Reesverhale vun de Leit relativ wéineg beaflossen, seet d'Lydia Heinisch, d'Cheffin vum Rees-Operateur ULT. Wat den Deplacement op d'Destinatioun ubelaangt hätt de Fliger näischt u Beléiftheet verluer, an Croisièrë géifen och nach ëmmer boomen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Lydia Heinisch
D'Lydia Heinisch ass Cheffin vum Lëtzebuerger Rees-Operateur ULT

Wou et en Ënnerscheed géif gi wier op der Vakanzendestinatioun selwer: do géif scho méi staark op Krittäre vun Nohaltegkeet opgepasst gi wéi virdrun, vun de Clienten, mee och vun de Rees-Organisateuren, sou d'Lydia Heinisch.

Si géif dat "ganz gutt" fannen, datt op den Trend reagéiert géif ginn. Et wier awer net wéi wann d'Leit keng Croisière méi géife buchen. An engem éischte Schrëtt wier d'Vakanz an d'Wieder wichteg, eréischt an engem zweete Schrëtt géif gekuckt ginn, datt "do nohalteg Saache gemaach ginn", seet d'Lydia Heinisch.

Jonker reesen am meeschten

20 Prozent vun de Suen, déi weltwäit fir Reesen a Vakanze ausgi ginn, komme vu jonke Leit, vun de sougenannte "Millennials", déi tëschent de fréien 80er a Mëtt den 90er Jore gebuer goufen. Dee globale Chiffer vun der OECD géif sech och an der klenger Lëtzebuerger Realitéit erëmspigelen, seet d'Lydia Heinisch, d'Cheffin vum Lëtzebuerger Rees-Operateur ULT.

"Et gesäit ee jo ganz kloer: eis Eltere si ganz wéineg gereest, mir hu scho méi d'Welt entdeckt. Mee déi Generatioun, déi elo no kënnt, mir gesinn et: d'Welt gëtt ganz kleng, a fir si ass dat ganz natierlech, vill ze reesen."

Dëse Phenomeen géif net mat de Suen zesummenhänken. "Si sinn do ganz kreativ", fënnt d'Lydia Heinisch. Jonker, egal ob se schaffen oder Studente wieren, géifen hir Suen direkt ausginn, ganz dacks fir d'Reesen, well si d'Welt entdecke wëllen. "Dat ass jo och esou: wann ee reest, gëtt een net méi domm dovun."

Dubai beléiften Destinatioun

30.000 Leit wieren de Weekend um Salon Vakanz 2020 gewiescht, seet d'Luxexpo. D'Reesloscht vun de Lëtzebuerger ass also ongebrach, an eng Destinatioun, déi dëst Joer besonnesch am Fokus steet, ass Dubai, an dat hätt een och op der Vakanzefoire feststelle kënnen, seet d'Lydia Heinisch.

Dat natierlech wéinst der Weltausstellung, déi am Oktober do opgeet a bis Abrëll 2021 wäert daueren. D'Lëtzebuerger gehéieren erstaunlecherweis zu deenen Nationalitéiten, déi - am internationale Verglach - bis elo am meeschte Reesen dohinner gebucht hunn.

D'Lydia Heinisch, d'Cheffin vum Lëtzebuerger Rees-Operateur ULT, erkläert sech dat doduerch, datt d'Lëtzebuerger ganz houfreg dorop sinn, datt Lëtzebuerg e Pavillon zu Dubai huet a géifen dat gären ënnerstëtzen. Virun zéng Joer hätt een de selwechte Phenomeen zu Shanghai feststelle kënnen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Beach, Strand
Tourismus

3,6 Millioune Fluchpassagéier huet de Fluchhafen d'lescht Joer gezielt. D'Lëtzebuerger reese gären, an der Tourismusbranche geet et gutt. Wat sinn déi aktuell Trends a wou steiert den Tourismus hin?

Casually dressed young stylish female traveller checking a departures board at the airport terminal hall in front of check in couters. Flight schedule display blured in the background. Focus on woman.
Konsumenteschutz

D'CLLV (Commission luxembourgeoise des litiges de voyage) hëlleft, wann an der Vakanzenzäit Problemer optauchen. Den Giovanni D'Aria erkläert wat a verschidde Fäll ze maachen ass.

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen