Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Rechtsstaat zum Preventiounsstaat

Fräie Mikro

Vum Rechtsstaat zum Preventiounsstaat

Am Ufank vun der Pandemie huet et geheescht, mer missten den exponentielle Wuesstum vun der Infektioun vermeiden, fir d'Spideeler net ze iwwerlaaschten. Dat war déi klassesch Gesondheetspolitik vum Wuelfaartsstaat: all Bierger sollt d'Méiglechkeet hunn, behandelt ze ginn. Mëttlerweil huet sech déi Zilsetzung awer geännert: si gouf vun engem aneren Zil ersat, dat weder thematiséiert, nach kritesch diskutéiert gouf, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Den Thierry Simonelli ass Psychanalyst an Auteur. Foto: Archiv

Um Ufank vun der Coronavirus-Pandemie huet et an allen europäesche Länner geheescht: mer mussen alles drusetzen, fir dat ze evitéieren, wat an der Lomardei geschitt ass. Domat war gemengt: ze vermeiden, datt esou vill Leit beienee schwéier Verleef vun der neier Krankheet hunn, datt d'Spideeler iwwerfuerdert ginn. An deem Kontext hu mer all, déi net Medezinner sinn, en neie erschreckende Begrëff kennegeléiert: dee vum Triage.

Eng Plaz fir jiddwereen

An deem Moment war déi eenzeg raisonnabel Zilsetzung déi vum "Flatten the curve" fir den exponentielle Wuesstum vun der Infektioun ze evitéieren. Den Zweck vun de gesondheetspolitesche Mesurë war et jiddwer schwéier Erkrankten eng Plaz am Spidol ze garantéieren.

D'Mëttel fir deen Zweck ware sozial Distanzéierung, Hygiène, Isolatioun, asw. Dësen Zweck gehéiert kloer zur Gesondheetspolitik: an engem Wuelfaartsstaat soll all Bierger déi fir hien noutwendeg medezinesch Behandlung kréie kënnen.

Haut gesi mer, datt et och hei zu Lëtzebuerg um medezinesche Plang, zum Gléck, ni zur Katastroph koum. Esouguer um Héichpunkt vun den Infektiounen huet all Kranke seng Plaz am Spidol an do déi bescht méiglech Behandlung krut. Haut kéinte mer also soen: Zil erreecht!

Nom État de crise

An trotzdeem geet et weider. En neit Gesetz sollt dunn a Kraaft trieden, dat nach emol déif Aschnëtter an d'Fräiheetsrechter virgesäit, dat voller rechtleche Onsécherheete war, an dat esouguer Mesurë virgesinn hat, déi contraire waren zu den universelle Mënscherechter. Dat ass u sech schonn en décke Brocke vu Leit, déi net méi an der Panik reagéiert hunn, mee déi méintlaang un deem Text geschafft hunn. Wat awer bal nach méi erschreckend ass, ass den Fait, datt d'Zilsetzung vun deene radikalen neie Mesurë sech ënner der Hand an ouni weider Diskussioun geännert huet.

Dat liese mer am "Exposé des Motifs" vum Covid-19-Gesetz. Et soll elo drëm goen "de continuer la lutte contre le Covid-19 en limitant la propagation du SARSCoV-2 sur le territoire". D'Absicht vun eise Politiker ass also, datt d'Mëttel soll zum Zweck gemaach ginn.

Richtung Iwwerwaachungsstaat

Grond- a Fräiheetsrechter sollen net méi beschnidde gi fir all Bierger eng Behandlung ze garantéieren. Elo sollen déi Rechter beschnidde ginn, fir e Virus ze bekämpfen. Dat ass eng Zilsetzung, déi nach méi geféierlech fir e Rechtsstaat ass, wéi en temporären Ausnamezoustand. Well hei verwandele mer de Rechtsstaat lues awer sécher an en Iwwerwaachungsstaat.

Wéi mer et an der Anti-Terrorismuspolitik zanter 20 Joer gesinn, ass d'Logik vun der Preventioun expansiv. An engem Iwwerwaachungs- a Preventiounsstaat muss de Bierger ëmmer méi Fräiheeten opginn, fir ëmmer méi Sécherheet ze kréien. A wann déi gréisstméiglechst Sécherheet soll garantéiert ginn, da gëtt et och keen Enn mat der Fräiheetsbeschränkung.

A genee an déi Richtung hunn eis Politiker geduecht. A genee déi Fro musse mer eis stellen: Wëlle mer dat? Wëlle mer en Preventionsstaat?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.