Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vum 18. Mäerz un: E-Facturatioun fir Betriber obligatoresch

Digitaliséierung

Vum 18. Mäerz un: E-Facturatioun fir Betriber obligatoresch

Vum 18.Mäerz u mussen all d'Betriber, déi ëffentlech Institutiounen als Client hunn, hir Rechnungen exklusiv an digitaler Form ausstellen. Dat geet aus engem Gesetz vun Dezember 2021 ervir mam Zil, d'Facturatiouns-Prozesser tëscht den ëffentlechen Entitéiten a senge Prestatairen ze vereinfachen. Wat scho vu leschtem Joer u fir grouss a Mëttelbetriber gëllt, soll an engem knappe Mount och fir kleng Betriber Realitéit ginn. Déi wieren deels awer nach net prett fir sech ëmzestellen, heescht et aus der Chambre des Métiers.

auto_stories

3 min

Am Ufank wier et komplizéiert gewiescht fir un d'Informatiounen ze kommen an erauszefannen, wéi eng Entreprise wéi vum neie Gesetz betraff ass, esou de Constat Max Urbany vun der Handwierkskammer. Si ënnerstëtzen d'Betriber bei der digitaler Transitioun.

"Also am Ufank kréie mir schonn immens vill éischter negativ Réckmeldung. U sech ass d'Gesetz jo geschriwwe ginn am Sënn, datt et eng Vereinfachung ass, eng administrativ Vereinfachung, eng Digitalisatioun vum Betrib."

Trotzdeem hätten et vill Betriber ufanks als zousätzlech Laascht gesinn, seet de Max Urbany.

Minister Marc Hansen reagéiert op d'Kritik

No an no géingen sech d'Betriber de Virdeeler vun der e-Facturatioun awer elo bewosst ginn. Datt verschidden Entreprisen ee gutt Joer no der Annonce nach net prett wieren, kéint ënnert anerem dorunner leien, datt ze laang net genuch kommunizéiert gi wier, mengt de Max Urbany.

"Dat heescht, elo sti mir virum Delai, an déi Informatioun ass awer nach ëmmer am Secteur oder bei verschiddenen Entreprisen net sou ganz ukomm."

Déi Kritik léist den Digitaliséierungsminister Marc Hansen awer net gëllen.

"Et gëtt eng Plattform, wou et all méiglech Videoen, Tutorials, Froen, FAQen gëtt a wou op eisen Helplinen och Leit zesummestellen. Et si Courrieren erausgaangen u 50.000 Betriber fir se ze informéieren, et gëtt Campagnen."

Betriber ginn an der Transitioun begleet

Datt et kéint zu Startschwieregkeete komme beim Ëmstellen op d'e-Facturatioun schléisst awer och de Marc Hansen net aus. Eng Karenzzäit gëtt et net, ma et géing een d'Betriber och iwwer den 18. Mäerz eraus bei der Transitioun begleeden, verséchert den zoustännege Minister.

"Déi Helplinë wäerte weider bestoen, et wäerte weider Formatioune ginn. All déi Formatioune kann een online suivéieren op der Internetplattform. Dat ass eppes, wat wichteg ass, och dono fir d'Leit ze begleeden. A lues a lues wäerten dann och all d'Problemer kënne geléist ginn."

Wann d'Betriber hire e-Facturatiouns-System bis den 18. Mäerz net prett hunn, kéinten se awer nach op "Noutléisungen" zeréckgräifen, erkläert de Max Urbany vun der Chambre des Métiers. Sou kéint een iwwer de myGuichet-Tool fueren oder iwwer een online Déngschtleeschter, déi engem d'PDF-Facturen ausliest. Doriwwer gëtt dann een Dokument erstallt, wat de Betrib un de Staat ka verschécken.

Betriber, déi sech op déi elektronesch Facturatioun ëmstellen, kënnen iwwerdeems och eng finanziell Ënnerstëtzung beim Mëttelstandsministère ufroen, esou nach de Max Urbany vun der Chambre des Métiers.

"Do kritt een dann Investitiounen tëschent 6.650 a 25.000 Euro subventionéiert. Dat heescht do kritt een e Voucher am Wäert vu 5000€. Wann een un deenen SME-Packages intresséiert ass, da kann een do bei der Chambre des Métiers ënnert der ehandwierk@cdm.lu mellen, an do kritt een dann Hëllef vun eise Conseilleren."

Dës Woch gëtt och nach een Informatiounsdag ronderëm d'e-Facturatioun am European Convention Center um Kierchbierg organiséiert.