D'Testphas fänkt e Méindeg an der Nuecht un. Nieft der Gare ginn op deem neien Tronçon dräi weider Statiounen ugefuer: Hamilius, Place de Metz an d'Paräisser Plaz. Déi gëtt den Ament reamenagéiert. Déi Aarbechte solle bis de Summer d'nächst Joer ofgeschloss sinn.
Den Tram fiert an enger éischter Phas am Dag am fënnef Minuttentakt a bis eng Auer an der Nuecht. Deen Takt gëtt dono op véier Minutten erofgesat.
Duerch den Tram sollen all Dag eng 1.750 Buspassagen an der Stad ewech falen. Dat soll den Trafic entlaaschten an d'Liewensqualitéit vun den Awunner verbesseren.
An enger nächster Etappe fänken d'Aarbechten un, fir den Tram Richtung Bouneweg fueren ze loossen. Do ass d'Mise en Service fir dat zweet Semester 2022 geplangt. 2023 soll den Tram da bis op d'Cloche d'or, mee och bis op de Findel fueren.