Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu méi hell a méi donkelgréngen Investitiounen

GRÉNG FINANZEN

Vu méi hell a méi donkelgréngen Investitiounen

Hu Gas oder Atomkraaft de Label "nohalteg" verdéngt? Op kee Fall, seet den Energieminister. De Finanzminister ka sech eng méi grouss Faarf-Palette bei deem Klassement virstellen. An der EU gëtt hefteg doriwwer diskutéiert.

auto_stories

6 min

Dee grénge Label, deen an der EU ënner anerem Energie-Quellen am Kader vun der "Taxonomie" verpasst soll ginn, huet grouss Konsequenzen. E wäert decisiv dofir sinn, wou Sue vun Investisseuren an och EU-Subventioune fléissen. Dofir waart d'Finanzwelt gespaant op dee Rechtstext, un deem d'Europäesch Kommissioun den Ament am gaangen ass, ze schaffen.

Zu Glasgow schafft Lëtzebuerg un Allianzen

Lëtzebuerg setzt sech zanter Méint dofir an, datt weder Gas nach Atomkraaft op déi Lëscht vun nohaltegen Investitioune gesat ginn. Ee vun den Acteuren ass den Energieminister Claude Turmes. Hie weess, datt den Ament virun allem déi, déi vir Atomkraaft sinn, un Terrain gewannen.

"Wann dee Match géif gewonne gi vu Frankräich an deenen anere Pro-Atom- Länner wier dat eng immens Diskreditéierung vun der ganzer Taxonomie mat alle Konsequenze fir d'Validitéit an och fir d'Wucht vum Instrument fir d'Investisseuren. Ech si frou, datt mer mat Éisträich a mat der nächster däitscher Regierung eng staark Allianz hunn, a mir wäerte weider dru schaffen."

Zu Glasgow mécht genee dat den Ament seng gréng Kolleegin, d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg.

Pierre Gramegna: "Ech ka mer hell- an donkelgréng Investitioune virstellen"

Däitlech manner kämpferesch gëtt sech iwwerdeems zu Bréissel de Lëtzebuerger Finanzminister. D'Taxonomie hält de Pierre Gramegna fir ganz wäertvoll. D'EU ass hei ee Virreider am Domaine vu gréngen Investitiounen, an dovu profitéiert och Lëtzebuerg.

"Mir sinn eng vun de Finanzplazen, déi am beschten do stinn, ebe well mer dee Kader vun der Taxonomie hunn", sou de Pierre Gramegna um Bord vun enger Reunioun vun den EU-Finanzminister.

D'Aschätzung awer, datt dat Instrument näischt méi wäert wier, wann een dora Gas oder Atomkraaft als gréng astuuft, deelt de Pierre Gramegna esou net.

"D'Diskussioun ass ganz komplizéiert. Lëtzebuerg ass kee Frënd vun Atomenergie, dozou stinn ech och, ech hunn dat dacks gesot, et ass keng nohalteg Léisung."

Allerdéngs wier och gewosst, datt een net vun haut op muer all Finanzementer 100 Prozent gréng ka maachen. Déi "Vergréngung" vum Portefeuille vun den Investisseure kéint och a Stufe passéieren a beim Klassement kéint een dowéinst eventuell verschidden Niveauen virgesinn.

"Ech ka mer och virstellen, datt een Investissementer huet, déi hellgréng, wärend anerer donkelgréng sinn. Eng gewëss Flexibilitéit brauche mer."

Lëtzebuerg kompromëssbereet?

Allerdéngs misst een oppassen, datt dat Instrument net u Credibilitéit verléiert. Géif dann esou eng Schattéierung net genee dat bewierken? D'Fro un de Finanzminister:

"Mir mussen zu 27 virukommen. Lëtzebuerg ass kee Land, wat lauter rout Linnen huet an negativ wëll opfalen. Mir si kloer net en Faveur vun Atomenergie. Mee mir wëssen och, datt mer ee ganze Wee ze goen hunn zu 27. Ech trauen der Kommissioun zou Virschléi ze maachen, déi kompromëssfäeg sinn."

Dat anescht kléngt wéi d'Aussoe vum Energieminister gëtt de Pierre Gramegna zou:

"Ech verstinn den Energieminister, hien ass 110 Prozent géint Atomenergie. Ech kann dat vum Energiestandpunkt hir verstoen. Mir mussen awer och aner Elementer mat betruechten an déi Transitioun fäerdeg bréngen."

Effektiv gëtt genee dat Argument vun der Transitioun vun de Pro-Atom a Pro-Gas-Länner an d'Feld gefouert. D'Produktioun vun Atomstroum ass emissiounsaarm an domat klimafrëndlech, sou d'Argument virun allem vu Frankräich. Paräis huet sech an deem Kampf mat den osteuropäesche Länner zesummegedoen, déi soen, si kéinten déi Transitioun net ouni Gas organiséieren.

Kommissioun kéint geschwënn tranchéieren

D'EU ass an där Fro also gespléckt. Matten dra steet d'Europäesch Kommissioun, déi des Woch kee Kommentar wollt ofginn. De Plang wier et nach ëmmer, bis um Enn vum Joer mat där Taxonomie ze kommen. "Ech denken net, datt sech dat geännert huet", sou dës Woch de Chefspriecher Eric Mamer.

D'Kommissioun kéint allerdéngs och méi fréi handelen an de Vakuum ausnotzen, deen et den Ament an Däitschland gëtt, wou déi nei Regierung nach net zesummen ass. Dat fäerte Kritiker wéi de Sven Giegold. Déi däitsch Kanzlerin hätt um leschten EU-Sommet hei hir Positioun geännert an de Wee fräi gemaach fir ee Greenwashing vu Gas an Atomkraaft, sou de gréngen Europadeputéierten.

"Atomenergie ist nicht nur als Übergang zu sehen. Einzelne Länder wollen offensichtlich dauerhaft daran festhalten. Das zeigt: Atomkraft hat in der Logik der Taxonomie nichts zu suchen. Erneeurbare Energien sind die sauberen Technologien. Atomkraft ist es nicht. Es ist nicht einmal versichert, die Atommüll und Risikothematik ist nicht gelöst."

Bei Gas kéint allerdéngs ënner ganz "restriktive Bedingungen" als Iwwergangstechnik akzeptéiert ginn, sou de gréngen Europadeputéierten, deen den Ament bei de Koalitiounsverhandlungen an Däitschland mat derbäi ass.

Hien deelt d'Aschätzung vum Lëtzebuerger Energieminister, datt d'Taxonomie kéint wäertlos ginn, wann een do Atomkraaft a Gas als "nohalteg" deklaréiert. Däitschland géif an deem Fall méiglecherweis seng eegen Taxonomie erausbréngen.

Wëssenschaftlech Basis ëmstridden

Am Language vun der Kommissiounspresidentin war iwwerdeems viru Kuerzem eng aner Nuance ze erkennen. D'EU géif erneierbar Energien brauchen, sou d'Ursula von der Leyen um leschten EU-Sommet an dernieft:

"Mir brauchen eng stabil Energiesource, d'Atomkraaft an an der Iwwergangszäit och Äerdgas."

Dee Saz hat vir Opreegung gesuergt a gouf vu verschiddene schonn als Virentscheedung ugesi gouf, datt d'Kommissioun hir bis elo virsiichteg Approche par Rapport zu deenen zwou Energiesourcen opginn huet.

D'Kommissioun kéint sech an hirer Bewäertung op den Avis vun hirem eegene wëssenschaftleche Recherche Center beruffen, deen der Atomkraaft de Label "nohalteg" verpasst hat.

Politesch Decisioun warscheinlech

Dee Pabeier ass zwar wëssenschaftlech ëmstridden, wäert awer an den Diskussiounen, déi elo usti sécher eng grouss Roll spillen, seet de Marco Giuli vum European Policy Center.

"D'Etüd wäert genotzt vun deenen, déi sech fir d'Atomkraaft asetzen", sou den Expert. Däitschland wier méiglecherweis ëmmer nach dogéint Atomkraaft als gréng anzestufen, wier awer vläicht manner streng, wat de Gas ugeet.

"Däitschland ass op Gas als Transitiounsenergie ugewisen, fir aus Atom- a Kuel erauszeklammen. Et wier awer e bësse komesch, eng fossil Energie wéi Gas als klimafrëndlech anzestufen an Nuklearenergie net."

D'Taxonomie sollt een op Wëssenschaft baséiert Instrument sinn, wat den Investisseure Sécherheet gëtt. De Ball läit elo am Feld vun der Kommissioun. Um Enn schéngt et éischter op ee politesche Kompromëss erauszelafen, bei deem fir jiddereen eppes derbäi ass. D'Fro ass, wéi dat an der Finanzwelt opgeholl gëtt.