Kierch Volker Strauss gouf ofgesat

Den Titular-Paschtouer vun der Protestantescher Kirch Volker Strauss gouf ofgesat. Dat huet eng Majoritéit vun de Kierchememberen op der Assemblée Générale an och de Kiercherot décidéiert, heescht et an engem Communiqué. De Volker Strauss selwer hätt dës Nouvelle nach net matgedeelt kritt, heescht et op Nofro hin. Hannergrond ass e Jorelaange Widderstand vun de Kirchememberen géint de Volker Strauss.

Maxi Pesch / cbi

Volker Strauss
De Volker Strauss. Foto: Archiv

Lauschteren


Am leschte Kiercheblat, der Newsletter vun der protestantescher Kierch, gëtt dem Volker Strauss ënner anerem Mobbing, Bedruch, Benotzung vu Fälschung a Fälschung reprochéiert. Doniewt hätt den Titularpaschtouer bewosst géint de Kircherot gehandelt, heescht et.

De juristesche Sträit geet dowéinst virun: op eis Nofro hi sot de Volker Strauss, datt hien eng Plainte géint d'Auteure vum Kiercheblat gemaach hätt. Iwwer d'Ofsetze vu sengem Posten hätt d'Assemblée Générale hien nach net informéiert.

Vill Reprochë géint de Volker Strauss

Am Kiercheblat, dat eis virläit, gi vill Reprochë géint de Volker Strauss formuléiert. Zum Beispill hätt de Volker Strauss sech beräichert: hie kritt virgeworf, sech als Ierwe vun enger eelerer Kierchememberin ausweise gelooss ze hunn. Dat wier dem Code Civile no awer verbueden, heescht et am Kircheblat.

Als weidere Reproche gëtt am Kiercheblat eng Fälschung bei enger Wal vum Conseil paroissial francophone genannt, wou eng strofrechtlech Enquête leeft an där hien wéinst faux an usage de faux inculpéiert wier heescht et. Tëscht 2015 an 2020 hätten déi juristesch Streidereie fir d'protestantesch Kierch Käschte vu ronn 200.000 Euro mat sech bruecht, gëtt am Blat bedauert.

Fréier Konflikter

Zanter datt de Volker Strauss 2010 Titula-Paschtouer bei der protestantescher Kierch ginn ass, wiere vill Memberen aus dem Kiercherot ausgetrueden, heescht et weider. Zanter 2016- 2020 hätten d'Memberen bei der Generalversammlung dem Volker Strauss fënnef Joer hannerteneen d'Vertrauen verweigert.

Elo soll de Volker Strauss also als Titular-Paschtouer vun der Protestantescher Kierch ofgesat gi sinn. De juristesche Sträit tëscht de verschiddene Parteie geet awer virun.

Méi zum Thema

Volker Strauss
Relioun

Déi Protestantesch Kierch ass gespléckt. Hire Chef, de Volker Strauss, kritt virgehäit, sech net un déi intern Reegelen ze halen. De Sträit ass viru Geriicht. Uganks der Woch gouf et eng Perquisitioun.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen