Radioen

On air

Notturno  |  The Beatles - A Day In The Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vitesselimitatioun op der Autobunn

Verkéier

Vitesselimitatioun op der Autobunn

Ponts et Chaussées maache momentan eng Analys, ob déi maximal erlaabte Vitesse um Autobunnsreseau während de Spëtzestonne limitéiert soll ginn. Dat hu verschidde Sourcen dem radio 100,7 confirméiert. Zwee Ziler sollen heimat erreecht ginn: méi Sécherheet a manner Stau.

auto_stories

2 min

An engem Aarbechtsgrupp vu Ponts et Chaussées, an deem ënnert anerem Vertrieder vum Transportministère a vun der Sécurité routière sëtzen, gouf d'Iddi, fir d'Vitesse op den Autobunnen an de Spëtzenzäiten erofzesetze fir d'éischt diskutéiert. Ponts et Chaussées krut doropshin den Optrag, eng Analys ze maachen. Éischt Elementer sollen dëse Freideg virgeluecht ginn, wann déi concernéiert Acteure fir hir regelméisseg Reunioun zesummekommen. Dat hu verschidde Sourcen dem radio 100,7 confirméiert.

Decidéiert ass allerdéngs nach näischt, weder ëm wéi vill déi maximal erlaabte Vitesse op den Autobunne kéint erofgesat ginn, nach zu wéi engen Auerzäiten. Den Infrastrukturminister François Bausch wollt sech op Nofro zu dësem Ament nach net äusseren.

Vitesselimitatioun fir méi Fluiditéit

An den Nopeschlänner gëtt et méi Autobunnsdeeler, op deenen d'Vitesse zu Stousszäite limitéiert ass. Zum Beispill op der franséischer A25 vun Dunkerque op Lille, engem Tronçon vu ronn 23 Kilometer. Do gëtt et d'Méiglechkeet, d'Vitesse an de Stousszäiten op 90 Kilometer an der Stonn ze reduzéieren. Op der A31 vu Lëtzebuerg op Metz ass d'Vitesse generell op 110 Kilometer an der Stonn limitéiert, fir de Verkéier méi fléissend ze maachen. Wa manner séier gefuer gëtt, gëtt manner op de Gas gedréckt an nees gebremst, wat zu enger méi grousser Fluiditéit féiere kann, esou d'Argument.