Si wier vill um Terrain gewiescht, mee net genuch doriwwer kommunizéiert, sou d'Corinne Cahen "well ech fonnt hunn, an der Crise sanitaire wär et net un der Familljeministesch fir grouss ze kommunikéieren, mee fir ze schaffen."
D'Corinne Cahen war als Familljeministesch an de leschte Méint staark an d'Kritik geroden, well se net genuch gemaach hätt fir d'Verbreedung vum Virus an den Altersheimer anzedämmen. D'Oppositioun an der Chamber hat dowéinst zwee mol geschlossen hire Récktrëtt gefuerdert.
D'Regierung wäert haut iwwer nei sanitär Recommandatiounen fir d'Altersheemer beroden. D'Familljeministesch Corinne Cahen seet, si wéilt dem Regierungsrot haut proposéieren, datt an den Altersheemer nieft dem Covid-Check-System och nees eng Maskeflicht fir Visitten agefouert gëtt.
Wann een zesummen an de Restaurant oder an d'Cafeteria géif goen, sollt ee sech nach zousätzlech teste loossen.