Nei Zentren opgaangen Visitt am Impfzenter: de Chalet vun de Munnerefer Mais

Zanter gëschter ass nieft dem Ettelbrécker Impfzentrum och deen éischten Impfzentrum am Oste vum Land a Betrib. Gesprëtzt gëtt tëschent Munneref a Biermereng am Chalet vun de Munnerefer Mais. De Choix vun der Plaz gouf ufanks kritiséiert - den Zenter wier net zentral genuch.

Cyrille Hill / tt

image1.jpeg
De Munnerefer Impfzenter

Et ass e rouege Site, et héiert ee just d'Märelen op de Beem a geleeëntlech d'Autoen op der Landstrooss.

Een nom anere kommen d'Autoen ugerullt, den éischten Dag solle 50 Leit iwwer 75 Joer geimpft ginn.

Servicer fir eeler Leit gi preparéiert

Virum Chalet weist de Steve Reckel, Buergermeeschter vu Munneref sech entspaant wéinst der Kritik, datt de Chalet ofgeleeë läit. Et géif ee schonn no Léisunge mat den anere Gemenge sichen: Navettë kéinten déi eeler a vulnerabel Leit op d'Plaz bréngen:

"Et si Gemenge wéi Fréiseng, Schengen, Stadtbredimus. Beetebuerg hat ech gëschter nach Kontakt mat deenen, datt déi dat och organiséiere fir da mat hiren eelere Leit, wann déi keng aner Méiglechkeet hunn fir den Deplacement, datt dann sou ee Service zerwéiert gëtt."

Fir de Carlo Schott ass d'Fro no der Plaz einfach beäntwert. Et misst een de Choix maachen, ob ee sech wéilt impfe loossen oder net, onofhängeg vun der Plaz. Hien war et, deen Enn Januar vun der Gemeng gefrot gouf, ob een de Scoutschalet benotze kéint. De President vum Scoutschalet erzielt, wei dat dann ëmgesat gouf:

"Dat ware véier bis fënnef Leit, dräi Deeg laang déi hei geraumt hunn. Dat ass op diverse Plazen zu Munneref tëschegelagert ginn an du sinn am Chalet selwer déi néideg Infrastrukturen ageriicht ginn di mussen do sinn."

D'Aktivitéite vun de Munnerefer Mais sinn elo dobaussen, d'Zesummekommen de Samschden ass op de Nomëtte geluecht ginn - do ass den Impfzentrum nämlech zou. Dat geet op d'mannst bis Enn 2021 sou. Soulaang gëtt de Chalet fir d'Impfe sécher genotzt, falls néideg kann dat awer och verlängert ginn.

Ausbau vum Zenter ass geplangt

Momentan funktionéiere just zwou Impfstroossen am Chalet. Et ass ongewëss wéini genee d'Kapazitéite géifen eropgoen, de Luc Feller mengt awer dat wier bannent den nächste Wochen de Fall.

Am Impfzenter zu Munneref.

Da kann een d'Raimlechkeete ganz notzen, sou den Haut-Commissaire à la protection nationale:

"Theoretesch kënne mer hei bis op zéng fils de vaccination goen. Mir hunn hei eng theoretesch Kapazitéit vu 5.000 Leit an der Woch ze impfen, do si mer awer momentan nach ganz wäit dovunner wech."

Et hätt ee vill Gemenge fir ee Site kontaktéiert an eng ideal Plaz géif et net ginn. An Zukunft soll ee gréissere Site awer aushëllefen:

"Den Osten ass natierlech geographesch ee grousse Kanton: et huet een en Norden am Osten, et huet een en Süden am Osten. Ech muss dobäi soen, iergendwann wäerte mer de Site vu Luxembourg Air Rescue opmaachen, wou mer dann dovun ausginn, dat all d'Léit déi iwwer d'Autobunn déi op déi däitsch Säit geet, déi hunn natierlech ee relativ liichten Accès op dee Site."

sou de Luc Feller.

De Luc Feller op Besuch am Impfzenter.

De Steve Reckel, Buergermeeschter vu Munneref betount awer datt d'Land kleng ass. D'Kritik um Standuert wier also net justifiéiert.

"Fir mech war dat sou ee klenge Politikum, deen a mengen Aen awer absolut net relevant ass fir d'Majoritéit vun de Leit. Deene Leit mat deenen ech haut geschwat hunn, deenen ass dat ganz egal wou se mussen hifueren, déi wëlle just gäre geimpft ginn an hätte gäre rëm een normaalt Liewen."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Louis Schiltz
No ëffentlecher Kritik

De Jean-Louis Schiltz reagéiert op Kriticken zu der virzäiteger Impfung: et hätt ee kengem eng Impfung ewechgeholl. D'Richtlinne vum Gesondheetsministère wieren net kloer gewiescht.

Impfstoff vu Biontech/Pfizer
EU-IMPFSTRATEGIE

An der EU gëtt un engem eenheetleche Certifikat iwwert eng Corona-Impfung geschafft. De Projet ass awer nach net wäit fortgeschratt. D'Diskussioun doriwwer, wéi eng Rechter domat verbonne wieren, huet nach net richteg ugefaangen.

Sputnik V
Impfstoffer géint Covid-19

Lëtzebuerg hätt net wëlles, fir de russesche Covid-Impfstoff "Sputnik V" eleng zouzeloossen oder anzekafen. Fir béid Prozedure géif een op eng europäesch Approche setzen, erkläert den Dr. Jean-Claude Schmit.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen