Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - Marble Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virwërf vu Fake News: Verdeedegungslinn vu Lydie Polfer ass net an der Rei

Spëtzekandidatur fir d’Gemengewalen 2023

Virwërf vu Fake News: Verdeedegungslinn vu Lydie Polfer ass net an der Rei

D'Lydie Polfer sot am Stater Gemengerot, si wier "e bësse schockéiert, datt en ëffentlech-rechtleche Sender Onwourechten an d'Welt setzt", déi net der Wourecht entspriechen géifen. Si géif dat net an der Rei fannen.Wat hei net an der Rei ass, ass d'Verdeedegungslinn vun der Lydie Polfer, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Moien hate mir hei um Radio gemellt, datt d'Lydie Polfer awer nach eng Kéier DP-Spëtzekandidatin an der Stad géif ginn an datt dat d'nächst Woch offiziell annoncéiert soll ginn. Déi aktuell Buergermeeschtesch hat eisen Informatiounen no viru ronn engem Joer an der Partei gesot si wéilt net méi Spëtzekandidatin ginn.

Viru kuerzem huet si sech awer anescht decidéiert. No engem méintelaangen Hin an Hier war duerch déi spéit Decisioun vun der Lydie Polfer kloer ginn, datt d'Corinne Cahen net kéint Spëtzekandidatin ginn. Et gëtt en interne Muechtkampf: Verschidde laangjäreg DP-Politiker a Politikerinne ronderëm d'Lydie Polfer wëllen an der aktueller Constellatioun weider schaffen. Si hu géint eng Spëtzekandidatur vun der Corinne Cahen mobiliséiert. Anerer sinn der Meenung, datt et bei der Stater DP un der Zäit ass fir eng Erneierung.

Lydie Polfer geheit dem radio 100,7 Fake News vir

D'Lydie Polfer selwer huet déi Meldungen an de Kontext vu Fake News gesat. Am Stater Gemengerot sot si de Moien, si wier "e bësse schockéiert, datt en ëffentlech-rechtleche Sender Saachen an d'Welt setzt", déi net der Wourecht entsprieche géifen. Si géif dat wierklech net an der Rei fannen.

Wat hei net an der Rei ass, ass d'Verdeedegungslinn vun der Lydie Polfer.

Verwerflech Verdeedegungslinn

"Mir sinn op Ecoute", huet d'Lydie Polfer de Moien am Gemengerot festgestallt, no hire Virwërf géint eise Bericht, déi si dunn trotzdeem nach eng Kéier widderholl hutt. Jo, jiddweree konnt matlauschteren, well de Gemengerot am Internet gestreamt gëtt, a sou konnt jiddweree sech e Bild dovu maachen, wéi eng gestanen DP-Politikerin a fréier Ausseministerin mat engem Bericht ëmgeet, deen hir net an de Krom passt.

Am Wäissen Haus souz mam Donald Trump och een, dee bei all kriteschem Bericht d'Press a Fro gestallt huet. An deen am Léifste just déi Press gehat hätt, déi him noleeft. Nee, Madamm Polfer, do si mir net zu Lëtzebuerg, an do wäerte mir och hoffentlech ni hikommen.

Et ass verwerflech an net an der Rei, wann een eppes als Onwourecht duerstellt, vun deem ee genee weess, datt et esou ass. Jo, d'Lydie Polfer huet virun e puer Wochen decidéiert, datt si wëllt Spëtzekandidatin ginn, nodeems si virun ongeféier engem Joer nach anerer Meenung war.

Dat hu Journaliste vun dësem Sender gëscht vu méi DP-Politiker confirméiert kritt, vu Persounen, déi ganz no dru sinn. Persounen och vu verschiddene Borden. Den Dënschdeg, een Dag nom Vott vum Gemengebudget, sollt déi offiziell Kommunikatioun erausgoen.

2+2 ass net 5

Et ass fir d'zweet bannent kuerzer Zäit, datt dëse Sender virgeheit kritt Onwourechten ze verbreeden. De Laurent Mosar (CSV), deen zoufällegerweis mat der Lydie Polfer am Stater Schäfferot zesummeschafft, huet virun engem Mount behaapt, mir hätte falsch Informatioune publizéiert iwwer d'Relatiounen tëscht der Firma GMH, an där hien Administrateur war, a Sandstone, der Firma vum fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider.

An deem Fall waren déi Informatioune méi wéi eng Kéier vu ville Sourcen am ëffentleche Raum confirméiert ginn, trotzdeem huet de Laurent Mosar sech dohi gestallt, a vun Onwourechte geschwat.

Wou komme mer do hin, wann och ewell Politiker aus grousse Parteien aus der Mëtt kalbliddeg higinn, a behaapten 2+2 wier 5. Dat ass keng Bagatelle, a sollt ganz séier ophalen, fir der Demokratie net nach méi ze schueden.