arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virus-Mutatiounen: Santé schléisst neie Lockdown net aus

Virusvarianten

|
reading time

1 min

Virus-Mutatiounen: Santé schléisst neie Lockdown net aus

Am Moment gëtt et nach kee Grond fir zousätzlech Mesuren ze huelen, seet den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. Seng Servicer géifen sech awer "op alles" preparéieren, well och hei am Land nei Virusvarianten am Ëmlaf wieren.

reading time

1 min

De Jean-Claude Schmit betount am 100,7-Interview, et wier op déi nei Mutatiounen zeréckzeféieren, datt an de leschte Wochen e puer mol séier huet misse gehandelt ginn. Sou hätt sech mëttlerweil erausgestallt, datt de Corona-Ausbroch an de Grondschoulen zu Schëffleng op déi brittesch Virusvariant zeréckzeféieren ass.

Nei Mesurë wieren zwar nach net néideg, esou de Santésdirekter. Am Ausland hätt sech awer gewisen, datt déi nei Mutatiounen zu méi Infektiounen an zu méi Problemer féieren. Well dee Risiko och hei am Land besteet, géif een sech "op alles" preparéieren.

Méi positiv Tester sequenzéieren

Am Laf vun dëser Woch soll méi kloer ginn wéi heefeg déi verschidde Varianten hei zu Lëtzebuerg sinn. Dem Jean-Claude Schmit no kommen an de nächsten Deeg nämlech eng Rei Testresultater un, déi eis "méi e komplett Bild" liwweren.

D'Capacitéite fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Mutatiounen am Ëmlaf sinn, ginn och nach weider ausgebaut: Elo scho géif bei iwwer 10 Prozent vun de positive Coronatester iwwerpréift ginn, ëm wéi eng Variant et sech handelt, esou den Direkter vun der Santé, do kéint een awer "eropgoe bis quasi 100 Prozent".