Zwee Joer no der Invasioun huet den Haapt-Waffeninspekter vun den USA zouginn: Et goufe keng nuklear, chemesch oder biologesch Waffen am Irak fonnt. Den Haaptgrond dee fir de Krich vun den USA ugi gouf, war eng Ligen. Trotzdeem hu vill Iraker eng positiv Astellung vis-a-vis vun der amerikanescher Invasioun.
Well en anert Zil vun der Offensiv gouf an deenen éischte Méint erreecht. Den irakeschen Diktator Saddam Hussein gouf verhaft, seng Zäit un der Spëtzt vum Land war eriwwer a gouf um Ufank och an de Stroosse vu Bagdad gefeiert. Mee kuerz duerno gouf dee Vakuum um Pouvoir zu Bagdad mat Gewalt gefëllt. D'Oppositioun géint déi amerikanesch Militär-Presenz huet zu Terror-Attacken op Zivilisten an Zaldote geleet, duerno koum et zum Biergerkrich, zu ëmmer méi schlëmmen Ausernanersetzungen tëscht Schiitten a Sunittten, déi mam Saddam Hussein un der Muecht waren.
Een héije mënschleche Bilan
Ongeféier 300.000 Iraker sinn tëscht 2003 an 2023 gestuerwen, an och iwwer 8.000 Amerikaner, Zaldoten a Leit déi fir d'USA am Irak geschafft hunn.
Déi amerikanesch Offensiv huet viru genee 20 Joer zu Bagdad ugefaangen, Regierungsgebaier a Militär-Installatiounen, och am Zentrum vun der Haaptstad, goufe mat amerikanesche Rakéiten zerstéiert. De Saddam Hussein gouf och viséiert mee hien huet déi éischt Deeg iwwerlieft.
20 Deeg méi spéit hunn amerikanesch Truppe Bagdad gestiermt, an d'Statu vum Saddam Hussein am Zentrum gouf vun amerikaneschen Truppen an Iraker gekäppt. E symboleschen Zesummebroch vu sengem Regimm.
Den 1. Mee 2003 huet den deemolegen US-President George W. Bush en Enn vun der amerikanescher Kampf-Operatiounen am Irak annoncéiert. Mee de Krich am Land huet grad eréischt ugefaangen.
D'Leit wëllen no vir kucken
De Moment ass den Irak an enger Zäit vu relativem Fridden, mee d'Erënnerungen un d'Invasioun sinn an de Käpp vun alle Léit déi méi wéi 20 Joer al sinn. Haaptsächlech erënnert een sech awer un dat wat duerno koum: d'Besetzung, den Opstand, de Biergerkrich an d'Entstoe vun der Terrorgrupp Islamesche Statt.
Et gëtt keng gréisser Commemoratioun am Irak op dësem Méinden. D'Leit wëllen no vir kucken, et hofft een datt dësen Ament ouni Krich unhält.