Radioen

On air

Resonanzen  |  Ermanno Wolf-Ferrari - Intermezzo, aus der Oper "I quatro rusteghi" - Oviedo Filarmonía, Friedrich Haider (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virschau op d'Joer 2020 an den USA

USA

Virschau op d'Joer 2020 an den USA

D'Joer 2020, a besonnesch den Dënschdeg 3. November, ass dräi Joer laang am Kalenner vu villen Amerikaner ugekräizt. Dëst Joer dréit sech an der Politik an den USA alles ëm d'Wal fir d'Presidence. Den Donald Trump wëllt fir véier weider Joren an d'Wäisst Haus, d'Demokrate sichen hire Kandidat fir géint de President ze gewannen.

auto_stories

2 min

Vue op Washington DC (Foto: Bigstock / vichie81)

Et wäert elle ginn an den USA am Joer 2020. E Land, dat politesch an zwee gespléckt ass, ka kaum an engem Waljoer op eng Besserung hoffen. Demokraten a Republikaner sichen net no Reconciliatioun. Nee, et geet elo drëm ze gewannen. Et gëtt all véier Joer gesot, datt et sech ëm déi wichtegst Wal vun allen Zäiten an Amerika handelt, an dat soen d'Kandidaten och dëst Joer.

Demokrate kënne keng aacht Joer Donald Trump am Wäissen Haus verdroen. De President seet, Amerika riskéiert mat enger Victoire vun der Demokratescher Partei seng Aarbecht iwwer de Koup ze geheien.

US-Demokrate sichen nach no engem Trump-Géigekandidat

Éier sech de President a säi Géigner oder seng Géignerin op der nationaler Bün verbal zerfleeschen, mussen d'Demokrate fir d'éischt mol hire Kandidat oder Kandidatin fannen.

D'Joer 2020 fänkt frenetesch un am politesche Kalenner. Véier Debaten tëschent demokratesche Kandidaten, an den 3. Februar dann endlech déi éischt Virwalen am Staat Iowa. Dono geet et séier viru mat New Hampshire, Nevada, South Carolina, an esou weider. An e puer Méint dierft et méi kloer ginn, ob de fréiere Vize-President Joe Biden weiderhin de Favorit bleift.

A senge Reklamme mécht hien de Geck mam President a weist sech als Staatsmann vis-a-vis vun engem President, deen de Respekt op der internationaler Bün verluer huet.

Entscheedung an der Impeachment-Prozedur

De President huet zwee grouss Datumer a sengem Kalenner, natierlech den 3. November, mee och een nach onkloren Datum, den Dag vu sengem Prozess am amerikanesche Senat. No sengem Impeachment wäert den Donald Trump normalerweis an deenen éischte Méint vum Joer erausfannen, ob hien aus dem Wäissen Haus erausgeheit gëtt. Déi Entscheedung gëtt vun enger Majoritéit Republikaner am Senat getraff, hie gëtt also wuel fräigesprach.

Den Donald Trump gesäit sech elo ëmmer méi als Outsider, dee vum politeschen Establishment ugegraff gëtt. Esou weist et op d'mannst seng Walcampagne.