Radioen

On air

Espresso Beats  |  Englbrt - Harm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virbild Kanada?

Legaliséierung vu Cannabis

Virbild Kanada?

Et gëtt fir d'Regierung vum Justin Trudeau a Kanada net einfach, d'Legaliséierung vum Cannabis an dréchen Dicher ze paken. Nach ass d'Gesetz net ratifizéiert, an eng Rei vu Provënzen hu Bedenken. Trotzdem gëtt am Finanzministère scho gerechent. E Commentaire.

auto_stories

2 min

2018 géife 4,6 Millioune Kanadier op legalem Wee 650 Tonne Marihuana konsuméieren. Dat wier bei siwe bis aacht kanadeschen Dollar pro Gramm e risegt Geschäft fir d'Staatsfinanzen. D'Politik orientéiert sech dobäi un den USA, wou eleng a Kalifornien no der Legaliséierung e Marché vun 11 bis 13 Milliarden Dollar entstanen ass. Am Bundesstaat Colorado sinn am leschte Joer 70 Milliounen Dollar an d'Staatskeese kommen, 30 Millioune méi wéi duerch Alkohol.

Kanada huet scho laang e Problem mam Haschisch. Weltwäit konsuméieren d'Kanadier tëscht 15 a 24 Joer méi wéi all déi aner, an d'Police-Aarbecht géint den illegale Gebrauch vu Cannabis kascht bal dräi Milliarde kanadesch Dollar am Joer.

Legale Konsum mat 18?

Kritiker vun der Legaliséierung warne virun engem Zesummenhang vu Cannabis a Psychosen. Zënter zéng Joer huet sech de Wierkstoff THC an der Drog verdräifacht. Wëssenschaftler fannen och, datt déi geplangten Altersgrenz vun 18 Joer - fir Konsum a Besetz vu Cannabis - vill ze niddereg ass. D'Regierung wëll dowéinst de Provënze selwer iwwerloossen, wou d'Altersgrenz ugesat gëtt.

D'Kontroll vun de Planzen wäert och net einfach ginn. De legale Cannabis soll aus staatlech kontrolléiertem Ubau kommen. All Cannabisplanz muss also den Autoritéite bekannt sinn. Déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis dierft dann och den Hasch-Tourismus ukuerbelen. Schonn haut gëtt et zu Vancouver en Touristeboom.

All Tourist ka sech fir 50 kanadesch Dollar eng Cannabis-Erlaabnis kafen. Domat ass de Wee fir de Konsum zu Vancouver fräi. D'Stad mécht de Coffee-Shops vun Amsterdam Konkurrenz.

Wirtschaftlech Chance

Mä och d'Regierung geréit domadder ënner Drock. D'Hanf-Communautéit a Kanada ass mam landeswäite Legaliséierung-Verspriechen an d'Wahlbüroe gelackelt ginn. Um G20-Sommet nächste Weekend zu Hamburg wäert de Justin Trudeau sech Kritik u senger liberaler Politik musse gefale loossen, besonnesch aus dem Commonwealth.

D'gesellschaftlech Akzeptanz am Kanada ass awer do, genee wéi déi wirtschaftlech Opportunitéit. A verschiddenen US-Bundesstaaten huet d'Legaliséierung schonn eng ganz Rei Investoren a Start-Ups ugelackelt. Wann d'Trudeau-Regierung also eng national Legaliséierung mat engem Kontrollmechanismus etabléiert kritt, dann dierft de kanadesche Premierminister a säi Projet e Virbild fir vill aner Staate ginn.