arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Schued bei de Stroossen

No den Iwwerschwemmungen

|
reading time

1 min

Vill Schued bei de Stroossen

An der Suite vun den Iwwerschwemmungen d'lescht Woch kruten d'Ponts et Chaussées op 180 Plaze Problemer mat der Stroosseninfrastruktur gemellt, aktuell wieren nach néng Stroossen uechter d'Land gespaart, seet de Paul Mangen, Directeur Adjoint vun der Stroossebauverwaltung op Nofro hin.

reading time

1 min

Wéi grouss d'Ausmooss vun de Schied un de Stroossen, Brécken a Vëlospisten ass, gëtt elo am Detail evaluéiert. Dat wier personalintensiv, sou datt een de Bilan eréischt an e puer Woche kéint zéien, esou de Paul Mangen.

Aussergewéinlech wier, datt d'Schied quasi iwwer d'ganzt Land verdeelt wiere - vum Osten, iwwer d'Uelzechtdall, bis an den Norden.

Bei einfachen Interventioune misste just Bulli an ëmgefall Beem fort geraumt ginn, mee et wieren och ganz vill Stützwänn, déi entweder ënnerspullt gi sinn oder matgerappt goufen. Hei misst Ponts et Chaussées Kontrolle maachen, grad ewéi bei Häng, déi och misste kontrolléiert ginn, datt et keen Äerdrutsch méi ka ginn.

D'Servicer vu Ponts et Chaussées wieren elo amgaang déi Informatiounen opzehuelen an op d'Plaz ze inspizéieren, esou de Paul Mangen.