Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill Migrante ginn net als Mënschen ugesinn"

Séinoutrettung op Malta

"Vill Migrante ginn net als Mënschen ugesinn"

Den Erik Marquardt ass op Malta an am Krisenteam vum Schëff Lifeline. Si hëllefe Migranten, déi bei hirem Iwwergang iwwer d'Mëttelmier a Séinout geroden. Wéi gesäit esou eng Missioun aus, a wéi erlieft hien d'Rettung?

auto_stories

2 min

Dem Erik Marquardt ass am Krisenteam vum Schëff Lifeline, dat Mënschen a Séinout um Mëttelmier rett. D'Boot war rezent an den Noriichten, well et net erlaabt kritt huet an engem Hafen an Italien unzeleeën. Eréischt no puer Deeg krut et d'Erlaabnis mat den iwwer 200 Flüchtlingen zu Valetta a Malta unzeleeën.

Et géife vill verschidden Organisatioune ginn, déi probéiere Migranten ze hëllefen, seet den Erik Marquardt. Et géif hie stéieren, datt jidderee vun der schlëmmer Situatioun vun de Migranten am Mëttelmier géif wëssen, keen awer eppes géif maachen. Duerfir géif hie sech bei Lifeline engagéieren.

Eng enk Kooperatioun mat staatlechen Agencen

Bei enger Missioun wier et wichteg ze wëssen, datt dës dacks an enker Kooperatioun mat de staatlechen Agencen, wéi zum Beispill Italien, zesummeschaffen. Dëst géif dacks an der ëffentlecher Debatt ënnergoen. Eng Zentral a Roum géif Lifeline beispillsweis dacks d'Koordinate vu Booter ginn, déi a Séinout sinn, si sollen hinnen dann hëllefen.

Et géif een och dacks mat Frachtschëffer oder mat Militärschëffer zesummeschaffen, an d'Migrante vun dëse Schëffer iwwerhuelen, zielt den Aktivist. Et géif een awer och selwer probéieren, Booter a Séinout ze fannen. Wann d'Equippe vu Lifeline Migranten a Séinout gerett huet, da brénge si d'Leit an en Hafen, déi si vun de staatlechen Agencen ugi kréien, et géif ee sech dësen Hafen net selwer eraussichen, zielt den Erik Marquardt.

D'Leit virum Doud retten

Den Erik Marquardt versteet net, wisou datt ee sech iwwerhaapt rechtfäerdege muss, wann ee Leit virum Erdrénke rette wëllt. Et misst net jiddereen déi selwecht Meenung hunn, wann et ëm Asylpolitik geet, mee hie versteet net, datt ee sech net drop eenege kann, datt ee Leit virum Doud rette soll. "Das nehm ich den Leuten schon sehr übel", seet hien. Vill Leit hätte keng Ahnung, wéi et sech géif ufillen, een ze gesinn, deen erdrénkt, oder wat fir Geschichten d'Leit, déi aus Libyen kommen, engem erzielen. Vill Migrante géifen net als Mënschen ugesi ginn.


De ganzen Interview mam Erik Marquardt:

Lauschterenplay_arrow