Radioen

On air

Notturno  |  Leon Ware - What's Your Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Vill Leit si vun der EU enttäuscht"

PRESSEFRÄIHEET A POLEN

"Vill Leit si vun der EU enttäuscht"

Déi polnesch Regierung probéiert ëmmer méi d'Pressefräiheet am Land anzeschränken, seet de polnesche Journalist Bartosz Wielinski. Seng Zeitung, d'"Gazeta Wyborzca" stéing och am Viséier vun där Politik. D'EU wier ze passiv a misst sech méi däitlech positionnéieren.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Et gëtt nach fräi Medien a Polen, mee hir Aarbecht ass däitlech méi schwéier ginn s si steet am Viséier vun der Regierung. D'Regierung vun Jaroslaw Kaczynski senger "Partei fir Recht a Gerechtegkeet" (PiS) géif ee Modell ustriewen, an deem d'Medien entweder gläichgeschalt sinn, oder dat maachen, wat vun der Parteizentral diktéiert gëtt.

"Die öffentlich rechtlichen Medien stehen seit 2016 unter voller Kontrolle dieser Regierung, die sich in ihrem Handeln sehr an der russischen oder türkischen Propaganda orientiert. Die freien Medien sind unter ständigem Beschuss."

80 Plainte géint d'Gazeta Wyborcza

Wéinst schlechte Resultater bei rezenten Ëmfroen, hätt d'Regierung hir Attacken op d'Medie nach verstäerkt. Viru gutt zwou Wochen gouf am Parlament en neit Mediegesetz gestëmmt, dat et dem kritesche Sender TVN et onméiglech mécht virunzeschaffen. Déi polnesch Regierung hätt et och op seng Zeitung, d'"Gazeta Wyborcza" ofgesinn, sou den Bartosz Wielinski.

"Die Regierung beantwortet unsere Fragen nicht, seit sechs Jahren bekommen wir keine Interviews mit dem Premierminister oder dem Staatspräsident. Fast 80 Mal wurden wir schon von der Partei oder Regierungsmitgliedern verklagt. Stellen Sie sich vor: in sechs Jahren 80 Klagen. Bei manchen sind die Forderungen in Millionenhöhe."

Seng Zeitung géif déi Prozesser an der Reegel gewannen, mee dat géif vill Zäit an Energie kaschten.

D'EU kéint hei agräifen, géif sech awer zeréckhalen. Et géif d'Méiglechkeet, ee Verfaren ze lancéieren, well d'Grondrecht vun der Europäescher Unioun vun der Meenungsfräiheet net respektéiert gëtt.

EU weist net genuch Courage

Wéinst där Politik vun der Regierung a virun allem och där ëmstriddener Reform vum Justizsystem wier et net kloer, ob Polen haut nach als Rechtsstaat bezeechent kéint ginn. Fir muer Dënschdeg gëtt een Urteel vum Verfassungsgeriicht erwaart doriwwer, ob polnescht Recht virum EU-Recht Prioritéit huet, oder net.

"Ich gehe davon aus, dass diese Regierung auch das Verfassungsericht unter Kontrolle hat und das Primat des EU-Rechts aberkannt wird. In vielen Bereichen macht die Justiz das, was von der Regierung verlangt wird. Das entspricht nicht dem Rechtsstaat."

Vill Leit a Polen wieren den Ament enttäuscht vun der EU, well si esou passiv ass a net vill géint d'Politik vun der Regierung ënnerhëlt.

"Das Bewusstsein, dass wir alleine sind in diesem Kampf um Demokratie in Polen, das wiegt schwer und wird die Beziehung zur EU in Zukunft sehr belasten."

D'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen wier vun Ufank u befaangen gewiescht, well si d'Stëmme vun der PiS-Partei gebraucht huet, fir eng Majoritéit am Europa-Parlament ze kréien. D'Passivitéit vun der Kommissioun wier eng Gefor fir d'EU, sou den polnesche Journalist. Schliisslech géifen och an aneren EU-Länner autoritär Parteien d'Politik mat bestëmmen.

D'EU misst elo de Courage hunn a kloer soen, datt ee Land wéi Polen keng EU-Sue méi kritt, sou laang d'Politik vun der Regierung géint EU-Grondwäerter verstéisst. Dat géif awer viraussetzen, datt och d'Majoritéit vun de Memberlänner sech eng staark EU-Kommissioun wënschen an hannert hir stinn.