Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Gefasel an der Chamber

Fräie Mikro

Vill Gefasel an der Chamber

Déi lescht Seancë vun dëser Legislatur kënnege sech an der Chamber un. Wat awer an de leschte Wochen do gelaf ass, huet déi wéinegst Bierger vum Hocker gerass, mengt de Laurent Moyse am Fräien Mikro.

auto_stories

3 min

Wa mir den 14. Oktober wiele ginn, droe mir zu der Erneierung vun der Chamber bäi, andeems mir eis Stëmm deene Kandidaten oder där Lëscht ginn, déi an eisen Aen am beschten d'Interesse vun eisem Land fir déi nächst fënnef Joer verteidege wäerten. Fir richteg misst ee vun de Chamber- a Regierungswahle schwätzen, well opgrond vun de Resultater, déi deen Owend erauskommen, wäert sech och eng Regierung bilden, déi nom neie Kräfteverhältnis déi néideg Majoritéit kritt.

D'Parlament ass eng fundamental Institutioun vun eiser Demokratie, ënner anerem well si e Resonanzbuedem fir d'Diskussiounskultur hei am Land ass. An deem Sënn kéint een erwaarden, datt d'Parteien, déi do vertrueden sinn, een anert Bild ofginn, wéi dat an den leschte Méint de Fall war. Et kann ee sech froen, wat dat fir en Zweck huet, datt verschidden Deputéierte kuerz virum Enn vun der Legislatur hiert Mandat engem Parteikolleg iwwerloossen, fir datt deen nach an d'Chamber erarutscht a sech domat fir déi nächst Wahle besser positionéiere kann. All déi grouss Parteien hunn deen Trick ugewannt, woubäi et kloer ass, datt dee Wiessel reng kosmetescher Natur ass, an der Aarbecht an der Chamber esou kuerz viru Schluss kaum nëtzlech ass.

Virgezeechent Ritualer

Dat selwecht gëllt fir de geplangten Optrëtt vu verschiddene Regierungsmemberen an der Chamber, déi engem Ritual follegen, deen zu dësem Zäitpunkt kaum nach Sënn mécht. Wéi de Staatsminister seng lescht Deklaratioun zur Lag vun der Natioun viru Kuerzem virgedroen huet, gouf allgemeng bedauert, datt hie sech op e Bilan vun der ausgehender Regierung begrenzt huet a sech net an d'Zukunft projezéiert huet. Mä wat fir e Sënn mécht et fir d'Chamber, e puer Méint virun de Wahlen esou en Exercice ze plangen, wou jidderee weess, datt ausser Bäifall vun der Majoritéit a Kritik vun der Oppositioun net vill Konkretes aus der Debatt ze zéien ass?

Och déi jäerlech Flichtübung vun anere Membere vun der Regierung gläicht ëmmer méi engem virgezeechente Ritual, dee kaum nei politesch Erkenntnisser bréngt. Sou zum Beispill dem Ausseminister seng Ried iwwer d'Aussepolitik, bei där een dacks méi iwwer seng Gefiller a perséinlech Usiichte vun der Weltpolitik - a muenchmol och seng Frustratiounen - gewuer gëtt, wéi iwwer iergendwellech strategesch Visiounen. Deen Exercice erlaabt et him, senger selektiver Indignatioun iwwer d'Virgoensweis vu verschiddene politesche Verantwortlechen an Europa oder anerwäerts fräie Laf ze ginn oder d'europäesch Flüchtlingspolitik ouni grouss Convictioun ze verteidegen, déi a Wierklechkeet zimlech erbäermlech Resultater opweist.

D'Grenze vun der Portmonnisdiplomatie

Och d'Entwécklungspolitik, déi alljährlech an der Chamber vum zoustännege Minister virgestallt gëtt, gläicht all Kéier enger Lobeshymne vum Ee-Prozent-Bäitrag vu Lëtzebuerg a Saachen Hëllef fir aarm Länner - eng Leeschtung, déi souwuel Majoritéit wéi Oppositioun net midd ginn ze ënnersträichen. Natierlech ass dee budgetären Effort an deem Beräich ze begréissen, mee wann ee weltwäit déi laangfristeg Evolutioun vun der Entwécklungspolitik ënnersicht, kënnt ee gär zur Conclusioun, datt déi joerzéngtelaang Beméiungen zimlech bescheiden ausfalen an d'Portmonnisdiplomatie seng Grenzen opweist.

Doduerch, datt d'Substanz an der Politik dacks ze kuerz kënnt an d'Chamber dacks als Bühn fir vill Gefasel mëssbraucht gëtt, wonnert et kaum, datt d'Parteie sech als alleréischt mat hire Kandidaten an der Ëffentlechkeet breet maachen an eréischt vill méi spéit mat hirem Programm an de Wahlkampf zéien. E Programm, deen an der Regel och esou verfaasst gëtt, datt d'Parteie sech Dieren oploossen, fir an der nächster Regierungskoalitioun matmaachen ze kënnen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.