Radioen

On air

Moiesstudio  |  GUM, Ambrose Kenny-Smith - Minor Setback

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Video mat Gewalt géint Schülerin: Sensibiliséierung an Opklärung wichteg

Gesellschaft

Video mat Gewalt géint Schülerin: Sensibiliséierung an Opklärung wichteg

De Phenomen nennt sech "Challenges", a wier net nei - Jonker wéisste scho laang Bescheed, mee hir Elteren a vill Erwuessener net, erkläert am 100,7 Interview d'Judith Reicherzer, Responsabel fir medie-pedagogesch Projeten a Kommunikatioun am Lycée Aline Mayrisch. "Challenges", erkläert si, ass de Phenomen, wou Jonker Situatiounen, dacks mat physescher oder politescher Gewalt, um Internet gesinn, an dat nomaachen a filmen. Duerno verbreeden se d'Videoen op soziale Reseauen wéi TikTok fir esou vill wéi méiglech "Likes" derfir ze kréien.

auto_stories

2 min

Déi rezent Videoen op de soziale Reseauen zu Lëtzebuerg, wou eng Schülerin vun enger anerer geschloen an erniddregt gëtt, hätt si schockéiert, esou d'Judith Reicherzer am 100,7 Interview. Op de Biller, déi an Tëschenzäit deelweis vu Facebook erofgeholl goufen, gouf déi mannerjäreg Schülerin vun enger aner jonker Schülerin geschloen an erniddregt, wärend ronderëm aner Jonker nogekuckt an d'Aktioune gefeiert hunn. D'Zeen huet sech op der Paräisser Plaz an der Stad ofgespillt. D'Schüler sollen aus dem Mamer Lycée Josy Barthel gewiescht sinn, verschiddener och aus dem Aline Mayrisch, dorënner d'Affer. D'Jugendschutz-Sektioun vun der Police judiciaire huet eng Enquête opgemaach.

Den Interview mat der Judith Reicherzer lauschterenplay_arrow

Am Lycée Aline Mayrisch wier ee sech scho méi laang iwwert d'Problematik vu Gewalt an Challenges bei Jonke bewosst gewiescht, seet d'Judith Reicherzer. De Lycée hätt eng Strategie ausgeschafft gehat, fir besonnesch d'Schüler:innen op den ënneschte Klassen ze sensibiliséieren. Wéinst dem Video an dem Schock, den doduerch ausgeléist gouf, wier dat elo virgezu ginn. Um Freideg Moie Moie wiere Responsabeler aus der Schoul an déi respektiv Klassen (7ème, 6ème a 5ème) gaangen, fir mat de Kanner allgemeng iwwer de Phenomen ze schwätzen. A fir ze soen, datt et am Lycée guer kéng Toleranz géif ginn, fir bei esou Challenges mat ze maachen, mee och net fir no ze kucken, oder d'Gewalt ze filmen a weider ze verbreeden.

Den Autoritéiten no, geet d'Enquëte an dësem Fall a Richtung Coups et blessures volontaires. Et géife keng Indicë ginn, datt et sech hei em eng sougenannt "Challenge" gehandelt hätt.