Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verstëbst an ongerecht?

Chamberwahlen 2018

Verstëbst an ongerecht?

De Lëtzebuerger Wahlsystem huet bal honnert Joer um Bockel. Trotz reegelméisseger Kritik - ënnert anerem um Desequiliber tëscht Stëmmen a Sëtz - schéngt eng grondsätzlech Reform onwahrscheinlech.

auto_stories

5 min

D'CSV huet bei de Chamberwahle vum 14. Oktober iwwer fënnef Prozentpunkte géintiwwer de Chamberwahle vun 2013 verluer, an domadder zwee Sëtz. D'LSAP huet nëmmen hallef souvill u Stëmme verluer, mee huet elo dräi Sëtz manner. An déi kleng Parteie bekloe sech, datt si et grad an de klenge Bezierker schwéier hunn, fir ee Mandat ze kréien. D'Verdeele vun de Reschtsëtz géif déi Logik nach verstäerken, erkläert de Soziolog Fernand Fehlen. "Am Oste brauch een zwielef an een hallwe Prozent vun de Stëmme fir ee Sëtz sécher ze kréien. An da bleiwen natierlech Reschtsëtz iwwereg. Déi gi sou verdeelt, datt nees déi grouss Parteien avantagéiert ginn."

An d'Wielerstëmmen hätten net dat selwechte Gewiicht, kritiséiert de Fernand Fehlen. Am Zentrum géifen 3.500 Wieler duer goen, fir ee Sëtz ze kréien. Ma am Norde bräicht een 5.200 Stëmme fir ee Sëtz ze kréien. "Dat heescht, déi Wieler am Norde kënne soen: 'Mir si benodeelegt.'"

Wat wieren d'Alternativen?

D'ADR versicht elo mat engem Recours géint d'Wahlgesetz een Uerteel vum Verfassungsgeriicht erbäi ze féieren. Mee wat wieren d'Alternativen? De Wahlsystem misst an der Haaptsaach zwou Aufgaben erfëllen, seet de Politikwëssenschaftler Michel Dormal. E misst de gesellschaftleche Pluralismus - verschidde Meenungen an Interessi - representéieren. "Op der anerer Säit muss ee Wahlsystem et de Bierger och erméiglechen op de politesche Prozess anzewierken - op d'Regierungsbildung, op d'Majoritéitsverhältnisser." Tëscht deenen zwou Funktioune misst een eng Balance fannen, esou de Politikwëssenschaftler.

Mat der Verfassungsreform vun 1919 ass zu Lëtzebuerg ee proportionelle Wahlsystem agefouert ginn: Am Géigesaz zu engem Majorzwahlsystem, wou d'Mandater jeeweils un déi stäerkst Partei an engem Wahlkrees ginn, sinn d'Parteien entspriechend hirem Stëmmen-Undeel an der Chamber vertrueden. Mee de Grand-Duché huet kee reng proportionelle Wahlsystem. Duerch d'Wahlkreesopdeelung an duerch de Berechnungsmodus wiere majoritär Elementer an de Wahlsystem agezunn, seet de Michel Dormal. "Awer op eng inkohärent an net bewosst decidéiert Aart a Weis, mee éischter esou duerch d'Hannerdier. An dat ass eppes wat vill Leit frustréiert."

Berechnungsmodus ersetzen

Virop misst een de Berechnungsmodus fir d'Mandater zouzedeelen duerch ee méi modernen a gerechte System ersetzen, soen déi zwee Experten. De Fernand Fehlen nennt ee Schwäizer Modell: Den 'Neues Zürcher Zuteilungsverfahren' oder 'Doppelter Pukelsheim', dee souwuel de regionale Proporz, ewéi och déi national Representativitéit respektéiere géif.

De Fernand Fehlen an de Michel Dormal si sech och Eens, datt wann een d'Bezierker bäibehält, d'Verdeele vun de Mandater pro Bezierk misst un der Wielerzuel festgemaach ginn, an net un der Awunnerzuel. Déi zwee Experten halen et fir wichteg, fir hei eng kloer Trennung ze maachen. Datt vill Awunner kee Wahlrecht hunn, kéint net doduerch kompenséiert ginn, datt d'Wieler jee no Bezierk méi oder manner Deputéiert kënne wielen. Et géif drëms goen, fir de Wielerwëllen ëmzesetzen, seet de Fernand Fehlen.

"A wann d'Wieler elo nach gewiicht ginn duerno, ob si een Noper hunn, dee kee Wahlrecht huet, oder däerf ee Familljepapp, deen zwee Kanner huet, och nach fir seng zwee Kanner mat wielen?"

D'ADR hat 2013 eng Gesetzespropositioun gemaach fir d'Wahlgesetz an deem Sënn z'änneren. De Staatsrot huet a sengem Avis op d'Verfassung verwisen, an där steet, datt d'Chamber d'Land vertrëtt. Dowéinst wier et legitim, datt d'Sëtz, déi pro Bezierk verdeelt ginn, un der Awunnerzuel ausgeriicht sinn.

Véier Wahlbezierker ofschafen?

Eng aner Léisung wier, fir déi véier Bezierker ofzeschafen. Dat fuerdere kleng Parteien, wéi Piraten, ADR an déi Lénk, mee och déi gréng an d'LSAP an hire Wahlprogrammer. Da misst de Panachage awer anescht gereegelt ginn, well soss all Wieler 60 Stëmme verdeele misst. Zum Beispill kéint een de Panachage just fir een Deel vun de Mandater erméiglechen, seet den LSAP-Politiker Alex Bodry. "A fir een aneren Deel vun den Deputéierte géif ee mat Landeslëschte fueren, déi vun de Parteien opgestallt ginn." Dat géif et och méi einfach maachen, fir d'Geschlechterquot ze respektéieren, mengt den Alex Bodry.

Et wier wichteg, datt de Wahlsystem net all puer Joer - jee no den Interessi vun der aktueller Regierung - kéint geännert ginn, seet den Alex Bodry. Den LSAP-Politiker gëtt awer zou, datt een an dëser Fro blockéiert ass, well de Wahlsystem just mat Zwee-Drëttel-Majoritéit ka geännert ginn. Am Kader vun der geplangter Verfassungsreform wier iwwert d'Aféiere vun engem eenzege Wahlbezierk bei de Chamberwahle geschwat ginn - ouni Resultat. Datt sech dorunner elo eppes ännert wier net wahrscheinlech, Als weiderhi gréisste Partei, wéisst d'CSV, datt si eigentlech Verléierer bei deem System wier. Hie géif de "pragmatesche Sënn" vun der Partei kennen, seet den Alex Bodry. Et kéint een d'Diskussioun natierlech féieren. Mee si wier a sengen Aen "ausser zu engem gréissere Sträit net zilféierend."

"Näischt Konkretes am Koalitiounsaccord"

An de Koalitiounsaccord kënnt wahrscheinlech näischt Konkretes stoen, seet sengersäits den DP-Politiker Eugène Berger. Hie mengt, datt éischter géif dra stoe kommen, datt een "déi Fro géif analyséieren, an datt ee prett wier, fir iwwer deen een oder anere Wee Adaptatiounen ze maachen."

Datt d'CSV Haaptprofiteur vum aktuelle System ass, wëll den CSV-Politiker Gilles Roth esou net stoe loossen. Hie betount, datt seng Partei sech esou enger Analys an Diskussioun net verschléisse wéilt. Ma wann een d'Reegele vum Wahlsystem ännere wéilt, kéint dat nëmmen am Konsens geschéien. Am Prinzip wier jo elo eng Länger Period wou keng Chamberwahle wieren, esou de Gilles Roth.

"Entweder gëtt ee sech dann doriwwer kuerzfristeg Eens. Oder wann dat net de Fall ass, dann diskutéiere mir a fënnef Joer erëm eng Kéier iwwert een ähnleche Problem."

"Wat d'Schwäizer fäerdeg bréngen, wäerte mir wuel och fäerdeg bréngen"

De Soziolog Fernand Fehlen plaidéiert scho laang fir eng Reform vum Wahlsystem. Datt de Panachage, deen d'Wahle staark personaliséiert, ofgeschaaft gëtt, gleeft hien haut net méi. Mee ofgesinn dovunner, ass hien iwwerzeegt, datt de System nach kann - a muss - verbessert ginn. Et misste realistesch Proposen op den Dësch kommen. "An déi realistesch Propos, déi ech haut maachen, ass déi vun deem 'Doppelten Pukelsheim'. Nom Motto: Dat wat d'Schwäizer fäerdeg bréngen - déi si jo och relativ konservativ - dat wäerte mir wuel och fäerdeg bréngen."