Duerch déi Konventioun géif den Helikopter, dee bis elo ëmmer am Spidol stationéiert war, elo um Findel an de Lokaler vun der Air Rescue stoe bleiwen, mat engem festen Equipage vun der Air Rescue. Doduerch hätt een een Equipage méi, sou de Paul Schroeder. Dëse ka flexibel am Norden an am Osten agesat ginn. An der Déngscht-Klinik vun der Stad Lëtzebuerg hätt ee weider déi Ekipp, déi Déngscht huet, mat engem Auto, déi prioritär an der Stad Lëtzebuerg an an der Ëmgéigend wäert zum Asaz kommen.
Hëllefs-Offere besser kanaliséieren
Och annerhalleft Joer no der Kreatioun vum CGDIS ass d'Zesummeliewe vu Fräiwëllegen a Professionellen am Corps nach ëmmer net fräi vu Problemer a Reiwereien, seet de Generaldirekter vum CGDIS. "Dat bleift eng vun de groussen Erausfuerderunge fir déi nächst Zäit", seet hien. Aus dem gréissten Asaz vum leschte Joer, deem beim Tornado, zitt de Paul Schroeder zwou Haapt-Léieren. Déi solidaresch Hëllefs-Offere vu Leit, déi eng Hand wëlle mat upake, misste besser kanaliséiert ginn. Do wier den 112 iwwerrannt ginn. An an der Organisatioun vun der Zesummenaarbecht tëschent Staat, CGDIS a Gemengen am Krisefall wier och nach Sputt no uewen.
Dampmelder kënne Liewe retten
Vum 1. Januar 2020 u muss an all neier Wunneng hei zu Lëtzebuerg obligatoresch en Dampmelder installéiert ginn; fir existent Gebaier gëllt déi gesetzlech Obligatioun vum 1. Januar 2023 un. De Brand, an der Nuecht vu Chrëschtdag op Stiefesdag an engem Appartement um Sennengerbierg, bei deem eng Persoun schwéier blesséiert gouf, hätt gewisen, wéi nëtzlech esou en Detekter an eenzele Fäll ka sinn, sou de Paul Schroeder.
Zu Lëtzebuerg géifen tëschent engem a fënnef Mënschen d'Joer duerch Bränn ëm d'Liewe kommen. D'Investitioun an en Dampmelder (10-25 Euro) kéint hëllefen, fir déi Moyenne nach weider erofzedrécken, sou den Direkter vum CGDIS.