Do goufen et eng Rei vu Constaten. Virop deen dat dat Famillje mat Kanner an elengerzéiend Persounen tëscht 19 an 51 Prozent méi kréie wéi dat beim RMG de Fall war. Bei der Zilgrupp déi viséiert war hätt een also dat Resultat erreecht, wat virgesi war, erkläert de Familljeminister Max Hahn.
Déi nächst Regierung muss nobesseren
Allerdéngs géif een och gesinn datt Leit déi eleng sinn, oder Koppelen ouni Kanner, liicht manner géife kréien, wéi dat mam RMG de Fall war.
"Do muss een awer dozou soen datt et mesures transitoire ginn déi hei och gräifen. Op der anerer Säit däerf een net vergiessen datt mer och ganz vill zousätzlech Sachleeschtungen awer och monetär Leeschtungen déi lescht Joren agefouert hunn."
Hei wier et un enger nächster Regierung fir nozebesseren, seet de Max Hahn.
Weider verbesserungsfäeg Punkten
Hie wéilt awer och méi kuerzfristeg Korrekturen, méi speziell wat eng besser Kommunikatioun a méi einfach Prozeduren ugeet. Dëst kéint zum Beispill ee Grond si firwat e ganz héijen Undeel u Leit di eigentlech e Recht op de REVIS hätten en net ufroen.
Aner Punkten di an den Etuden als verbesserungsfäeg ugi goufe sinn de Sanktiounssystem, besonnesch bei vulnerabel Persounen an d'Aktivatioun vun de Leit.
Eent vun den Haaptziler vum REVIS ass et och, fir d'Beneficiairen dozou ze animéieren, fir eng Aarbecht unzehuelen. De Rapport hätt an deem Kontext confirméiert, datt d'Orientéierung vun de concernéierte Persoune bei der ADEM effikass géif funktionéieren