Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Nicole

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verloschter bei der Pensiounsreform

Chambre des salariés

Verloschter bei der Pensiounsreform

D'Pensiounsreform déi bis 2052 progressiv ëmgesat gëtt, huet een Impakt op d'Rente vun deenen déi an de nächste Jore pensionéiert ginn. Progressiv geet nämlech de sougenannten "Taux de Remplacement" bis 2052 erof.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Een dee säi ganzt Liewen een Duerchschnëttsloun vu ronn 5.000 Euro krut, verléiert am Verglach mat der Situatioun virun der Reform 13 Prozent u Pensioun.

Och weider Ofännerungen treffe vun 2030 un all d'Pensionéierter schreift d'CSL an hirer Publikatioun Econews. Den CSL-Beroder Dylan Theis erkläert, datt déi zukünfteg Pensionären 13 Prozent vum Niveau vun hirer Pensioun géife verléieren.

"Dobäi kënnt nach, datt se iwwer déi 25 Joer vun hirer Pensioun hir Pensioun manner klëmmt wéi dat ouni déi Reform de Fall gewiescht wier. Een deen een Duerchschnëttsakommes hat vu 5.000 Euro verléiert bannent deene 25 Joer Pensioun tëscht 300 a 400.000 Euro."

Erhéijung vun der Mindestrent

Fir d'Altersaarmut ze verhënnere fuerdert d'Chambre des salariés eng Ofännerung vum Gesetz.

D'Mindestrent misst erhéicht ginn, well déi aktuell ze niddreg wier fir eleng domat iwwer d'Ronnen ze kommen.

"Spezifesch wat dee Moderator ugeet, dat heescht een Deel vun där Pensiounsreform déi kann een nach réckgängeg maachen. Dee spillt theoretesch eréischt ab 2030 an deen Artikel kéint een nach ëmmer aus dem Gesetz sträichen an deemno d'Upassung vun de Pensiounen un d'Lounentwécklung trotzdeem bäibehalen."

Iwwert dee Wee géifen d'Pensioune parallel zu der genereller Lounentwécklung och gehéicht ginn.