Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Parteikaart an d'Täsch!"

Mobilitéit an de Gemengewahlen

"Parteikaart an d'Täsch!"

All Dag fueren 20.000 Autoen iwwert d'Avenue de Luxembourg zu Käerjeng. De Kaméidi an d'Pollutioun riskéiert der Gesondheet vun den Awunner ze schueden. Iwwert e Contournement, deen de Verkéier laanscht d'Duerf soll féieren, gëtt awer schonn zënter Jore mat der Nopeschgemeng Suessem gestridden. D'Thema Mobilitéit dierft och a ville weidere Gemengen e Sträitpunkt tëscht de Parteie virun de Gemengewahle ginn. Eng Visite op enger vun de grousse Stau-Routen zu Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

An engem Café op der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng drénkt den Damien no senger Fréischicht en Téi. Säi ganzt Liewe laang huet de jonke Mann an der Gemeng gewunnt. Op der Strooss, déi just e puer Meter weider un ëm laanscht leeft, war ëmmer Stau. "Wéi ech ugefaange hu mat schaffen, hunn ech gemierkt, wéi schlëmm et ass. Ech hu fir zwee Kilometer gär mol 25 Minutte gebraucht."

All Moie rullt kuerz no sechs Auer eng bleche Lawin duerch Käerjeng. Wien wéi d'Majoritéit vun de Leit vun hei bis an d'Stad fiert, brauch Gedold. De Verkéier ass e Problem, dee fir d'Gemeng Käerjeng net néi ass. A Joer fir Joer gëtt et méi schlëmm, seet de Buergermeeschter Michel Wolter. 20.000 Autoe fuere mëttlerweil all Dag iwwert d'Avenue de Luxembourg. Deementspriechend wäert d'Mobilitéit och an dëse Gemengewahlen den 8. Oktober nees en Thema sinn.

Keng Parteipolitik

"Zënter zéng Joer maache mir all Dag hei an der Gemeng Verkéierspolitik", fënnt de Michel Wolter. Et goufe Vëlospisten ageriicht an d'Busservicer verbessert. Mä de grousse Problem - de Beruffstrafic bis an d'Stad - gëtt domat net geléist. Mä de Wëllen eppes un der Situatioun z'ännere kennt zu Käerjeng mëttlerweil keng Parteigrenzen méi. "Ech mengen dat hei geet iwwer Parteipolitik eraus. Mir sinn eis am Gemengerot alleguer eens, datt mer mussen eis Bierger schützen", seet den LSAP-Politiker Yves Cruchten, "da mussen d'Leit alleguerten hir Parteikaart an d'Täsch stiechen." All d'Parteien am Gemengerot wëllen elo, no joerzéngtelaange Diskussiounen, de Contournement vu Bascharage bauen.

An der Nopeschgemeng Suessem ass ee sech och eens: Datt genee dat net dierf geschéien. Den LSAP-Buergermeeschter Georges Engel fäert, datt de Contournement de Verkéier a seng Gemeng kéint bréngen. "An d'Natura-2000-Schutzzon, de Bësch tëscht Käerjeng a Suessem, gëtt zerstéiert. Deen ass awer eng wichteg gréng Long fir eis Regioun."

Meenung vun de Leit gespléckt

Och ënnert den Awunner gëtt et keng kloer Majoritéit. "Mat deem ganze Kaméidi an dem Stëbs wëlle sech d'Leit bei eis net gären op d'Terrass sëtzen", erzielt d'Liane. Si schafft beim Bäcker zu Käerjeng an ass vu fréi moies mat dem Verkéier geplot. "Et ass zwar wichteg, och op de Bësch opzepassen. Mä d'Gesondheet vun de Leit muss awer un éischter Platz stoen." Schonn no e puer Minutten um Bord vun der Avenue de Luxembourg fänkt den Hals u mat picken an d'Aen tréinen.

D'Liane schafft beim Käerjenger Bäcker direkt op der Haaptstrooss

De Jérôme mengt, datt e Contournement keen Ënnerscheed mécht. "Da fueren d'Autoen eben op enger aner Platz. Mee de Verkéier ass nach ëmmer dee selwechten, vläicht gëtt et es souguer méi," seet de Jérôme.

De Jérôme ass ee vun de Betraffene vum staarke Verkéier

An och en eeleren Här fënnt, datt de Contournement op kee Fall dierft iwwert den Terrain vu Suessem féieren."

Affär am Geriicht

Op de Contournement schlussendlech wäert gebaut ginn oder net läit un der Regierung - an um Verwaltungsgeriicht. D'Gemeng Suessem huet schonn am Hierscht 2016 eng Plainte géint d'Decisioun vum Staat, de Bauprojet ze realiséieren, ageluecht.

D'Affär zu Käerjeng ass exemplaresch fir vill esou Fäll, déi am ganze Land am Virfeld vun de Gemengewahlen nees dierften an de Mëttelpunkt réckelen. Si steet awer och dofir, datt et a Verkéiersfroe Sënn mécht Gemengen-, a net Parteipolitik ze maachen. Wëll och wann et géint zéng Auer nees méi lues rullt - just e puer Stonne méi spéit sti nees dausenden Autoen am Stau. Déi Kéier dann an déi aner Richtung.

De ganze Reportage vu Käerjengplay_arrow