Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungsreform: Wéi geet et elo weider?

Méigleche Referendum

Verfassungsreform: Wéi geet et elo weider?

D'CSV huet hir Positioun zu engem méigleche Verfassungsreferendum revidéiert. Déi gréissten Oppositiounspartei kéint sech eventuell awer fir e Referendum ausschwätzen. Fir sech ze entscheeden huet déi gréissten Oppositiounspartei eng onkonventionell Demarche gewielt: Wa 25.000 Leit eng entspriechend Petitioun um Chambersite ënnerschreiwen, da wier och d'CSV fir ee Verfassungsreferendum.

auto_stories

4 min

Den CSV-President an -Deputéierte Claude Wiseler bei der Debatt ëm den éischte Volet vun der Verfassungsreform. Foto: Chambre des Députés

D'CSV huet eigentlech déi néideg Stëmmen an der Chamber fir ee Referendum iwwer eng Verfassungsännerung ze declenchéieren. Bis ewell huet déi gréissten Oppositiounspartei gesot, si wéilt dat net maachen.

Déi Positioun huet d'CSV zur allgemenger Iwwerraschung revidéiert, an dat um Dag matgedeelt, wou een éischten Deel vun der Verfassungsreform an der Chamber zum Vott stoung. Et hätt ee wëllen ee Wee fanne fir de Bols vun de Leit ze spieren, seet den CSV-President Claude Wiseler:

"Mir si jo nach ëmmer der Meenung, datt de Parlamentswee dee richtegen ass. Mee wa mir de Wëllen dobausse spieren, dann huele mir eis Responsabilitéit a wäerten dann dee Referendum un d'Rulle bréngen."

D'Decisioun wier en Dënschdeg an der Fraktioun an am Nationalcomité vun der CSV geholl ginn, also ganz kuerzfristeg. Wéi d'Konfliktlinnen intern verlafen, wollt de Claude Wiseler net kommentéieren - et wier eng gemeinsam Decisioun geholl ginn.

Ëffentlech Petitioun huet kee Stellewäert fir d'Verfassungsrevisioun

D'Petitioun, déi ee Referendum iwwer d'Verfassungsreform fuerdert, kann nach bis den 8. November um Internetsite vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. Iwwer 8.400 Leit haten dat bis en Donneschdeg de Moie gemaach.

Esou ëffentlech Petitiounen hu juristesch kee Stellewäert am Kader vun enger Verfassungsrevisioun, mee si geduecht fir een Thema am Parlament zur Diskussioun ze bréngen. D'Petitioune kënne vu Frontalieren, Net-Lëtzebuergesche Residenten, a Jonker vu 15 Joer un ënnerschriwwe ginn - also net just d'Wielerinnen a Wieler, déi dann och d'Recht hätten un engem Referendum Deel ze huelen.

Et géif der CSV och net ëm den exakte Chiffer vu 25.000 Ënnerschrëfte goen, seet dozou de Claude Wiseler:

"Hei ass et ee Gefill, datt ee kritt, vum Wëlle vun de Leit, fir op dee Wee ze goen. Sou datt mir dat net mathematesch exakt musse maachen. Mir hunn eis een Objektiv gesat, mee a priori ass et ee Gespier, dat mir kréien, vun deem Wëllen, deen dobausse besteet. Also net eng juristesch, mee eng politesch Decisioun, déi mir huelen."

Et gëtt eng Prozedur fir ee Referendum

D'Demarche vun der CSV iwwerrascht och, well et eigentlech eng Prozedur gëtt, mat där d'Wielerinnen a Wieler ee Verfassungsreferendum kënnen declenchéieren. Nom éischte Vott vum Justiz-Kapitel gëschter an der Chamber kann nämlech elo ee Comité vu fënnef Biergerinnen a Bierger d'Organisatioun vun engem Referendum fuerderen.

25.000 Wielerinnen a Wieler missten d'Initiativ per Ënnerschrëft op hire Gemengen ënnerstëtzen. Esou eng Demarche wäert onofhängeg vun der CSV hirer Annonce sécherlech gemaach ginn, dovunner ass den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser iwwerzeegt:

"Also ech huelen un, datt elo ee "Groupe d'initiative" dem Premier schreift. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir spéitstens Mëtt nächst Woch déi aner [Demarche] offiziell ufänken, mat deene 25.000 Ënnerschrëften."

ADR wëllt ee grousse Referendum

D'ADR begréisst der CSV hire Sënneswandel. All Wee, dee bei ee Referendum féiert wier wëllkomm, esou de Fernand Kartheiser. Ze kläre wier awer, ob d'CSV da just ee Referendum iwwer d'Justiz-Kapitel declenchéiere wéilt. D'ADR wëllt dat net, mee fuerdert ee grousse Referendum iwwer déi ganz Verfassung. "Mir schöpfen als ADR als Méiglechkeet aus, dat hu mir zanter Méint gemaach fir den Drock oprecht ze erhale fir ee Referendum."

Effektiv ass nach net kloer, ob d'CSV ee Referendum just iwwer d'Justiz-Kapitel wëllt declenchéieren, wéi et vum Gesetz hir elo nom éischte Vott iwwer deen Text méiglech wier. Oder ob d'Decisioun eng méi prinzipiell wäert sinn, an deemno och déi dräi aner Deeler vun der geplangter Reform och géif betreffen - dorobber wollt den CSV-President Claude Wiseler sech nach net festleeën, a stellt an Aussiicht, datt een "evidenterweis" eng Diskussioun féiere wëllt. "Dat wëlle mir diskutéiere mat deenen aneren dräi Parteien, mat deene mir an de leschte Joren an dësem Dossier gutt geschafft hunn."

Majoritéit bleift bei hirer Positioun

Fir d'Majoritéitsparteien ass et no der Opkënnegung vum Konsens ronderëm de Reformtext vun 2018 an de geplangte Referendum iwwer de Verfassungstext elo déi zweete Kéier, datt se duerch ee Revirement vun der CSV am Ree stoe gelooss ginn. DP, LSAP an déi gréng wiere gëschter iwwerrascht ginn, seet d'DP-Deputéiert Simone Beissel.

"Si hunn eng Spaltung an der CSV, well déi eng si fir de Referendum an déi aner net. An hirem Rapporter, dem Léon Gloden, dee sech immens beméit huet fir dat schwieregt Kapitel vun der Justiz beschtméiglech mat eis alleguer ze agencéieren, deem fale si a mengen Ae voll an de Réck."

D'Majoritéit géif bei hirer Positioun bleiwen, mengt d'Vizepresidentin vun der Chamber-Institutiounekommissioun. Ee Referendum wier an hiren Aen net déi richteg Approche fir iwwer ee ganze Verfassungstext ze jugéieren.