Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungsreform: Éischte Vott iwwer d'Justiz-Kapitel

Grondgesetz

Verfassungsreform: Éischte Vott iwwer d'Justiz-Kapitel

Déi zanter laangem geplangte Reform vun der Verfassung geet an eng nächst decisiv Phas: D'Chamber hëlt haut een éischte Vott iwwer d'Kapitel, dat d'Justizwiese reegelt. Duerch dës Reform soll d'Onofhängegkeet vun der Justiz am Grondgesetz verankert ginn. Mir hu mam Verfassungsexpert Luc Heuschling iwwer d'Ännerunge geschwat.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Dat neit Kapitel iwwer d'Justiz wier "ausgeräift an technesch propper", seet de Luc Heuschling. D'Onofhängegkeet vun de Riichter gëtt elo am Grondgesetz verankert. Nei ass zum Beispill, datt een Nationale Justizrot d'Nominatioune vun de Riichter soll proposéieren.

Wéi dat Gremium sech zesummesetzt, soll awer net an der neier Verfassung stoen, bedauert de Luc Heuschling, dat wieren nämlech fundamental Froen:

"Wéi een Organ mécht wat, a wéi ass en zesummegestallt? Déi Froen hätt ee missten ausdiskutéieren."

De Verfassungsexpert bedauert, datt déi Froen elo am Gesetz gekläert solle ginn.

De Parquet gëtt gestäerkt

Och d'Onofhängegkeet vum Parquet gëtt gestäerkt, d'Justizministerin oder de Justizminister dierf an eenzele Fäll net matschwätzen, ob en Dossier opgemaach oder fale gelooss gëtt.

Fir de Luc Heuschling ass et wichteg, datt dat "Schwaarz op Wäiss an een Text kënnt", an net nëmmen an der Praxis esou applizéiert gëtt. De Verfassungsexpert begréisst, datt dëst och an der Verfassung festgehale gëtt, dat wier "wierklech ganz gutt".

D'Regierung dierf awer bei der sougenannter "Politique pénale" matschwätzen, also dobäi, wéi d'Justiz hir generell Prioritéite soll setzen, also wéi zum Beispill de Budget an d'Personal opgedeelt ginn.

Fir de Luc Heuschling ass dat och transparent: "Dat geet iwwer Texter, déi ëffentlech sinn a kënnen diskutéiert ginn. Déi individuell Dossiere sinn dovunner net betraff."

Am neie Justiz-Kapitel ass virgesinn, datt d'Nominatioun vun de Procureure iwwer de Conseil National de la Justice leeft. "Dat heescht, et kann ee sech dann erwaarden, datt de Parquet wierklech eng staark Onofhängegkeet huet", seet de Professer vun der Uni Lëtzebuerg.

Privatleit kënnen d'Verfassungsgeriicht net saiséieren

D'Verfassungsgeriicht kritt dann eng Rei zousätzlech Kompetenzen. Hei hätt een dem Luc Heuschling no awer méi wäit misse goen: et hätt keng Diskussioun ginn, datt Individuen d'Verfassungsgeriicht saiséiere kéinten. Dat wier fir den Droitsprofesser awer "ganz wichteg" gewiescht.

D'Staatsziler, wéi d'Recht op eng dezent Wunneng oder de Klimaschutz, déi duerch d'Reform vum Verfassungskapitel iwwer d'Rechter a Fräiheete sollen agefouert ginn, kéinte esou vun de Biergerinnen a Bierger just schwéier viru Geriicht mobiliséiert ginn, sou d'Aschätzung vum Jurist.

Zweete Vott kann duerch ee Referendum ersat ginn

Dräi weider Deeler vun der Verfassungsreform, an deenen et ënner anerem ëm Grondrechter, d'Staatsform an d'Institutioune geet, sollen an den nächste Méint no an no zum Vott kommen.

Fir datt dës Texter kënnen a Kraaft trieden, mussen zwee Drëttel vun den Deputéierten dem Text zoustëmmen - an dat dann nach emol an engem zweete Vott, dee fréistens dräi Méint no der éischter Ofstëmmung dierf gemaach ginn.

Den zweete Vott kann duerch ee Referendum ersat ginn, wann op d'mannst 16 Deputéiert dat fuerderen, oder wann 25.000 Bierger eng entspriechend Initiativ mat hirer Ënnerschrëft ënnerstëtzen.