Radioen

On air

De Moien  |  Medien a Politiker am Clinch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassung: "E Referendum ass net de richtege Wee"

Verfassungsreform

Verfassung: "E Referendum ass net de richtege Wee"

D'Chamber lancéiert haut eng Informatiounscampagne iwwer d'Reform vun der Verfassung. Si soll de Bierger d'Méiglechkeet gi sech iwwer d'Ännerungen un der Verfassung ze informéieren, éier se an der Chamber gestëmmt ginn.

auto_stories

2 min

D'Simone Beissel ass Deputéiert fir d'DP an ass Rapportrice fir een Deel vum neie Verfassungstext

Fir dës Informatiounscampagne sollen Informatiounen op de sozialen Netzwierker verbreet ginn, an et wier och eng grouss Informatiounsversammlung fir d'Bierger geplangt, esou d'Simone Beissel.

D'DP-Deputéiert Simone Beissel mengt et wier net méiglech gewiescht schonn éischter mat der Campagne unzefänken, well de reforméierte Verfassungstext nach net fäerdeg war.

Simone Beissel bedauert Campagne vun der ADR

D'Simone Beissel bedauert iwwerdeems, datt d'ADR an Tëschenzäit eng eege Campagne lancéiert huet mat där se d'Ännerungen un der Verfassung kritiséiert.

"Well se woussten, datt mer géifen eng Informatiounscampagne maachen - well an der Chamber ass dat jo hin- an hier diskutéiert ginn - hu si, ouni iergendengem vun eis eppes ze soen, hir Campagne lancéiert. Bon, dat ass hir Fräiheet. Et muss een dann ebe kucken, wat si maachen. Mir wäerte roueg a sachlech eis Campagne viru maachen."

Ee Referendum wier net dat richtegt Instrument

D'DP-Deputéiert ass Rapportrice fir een Deel vum neie Verfassungstext, a betount e Referendum wier net dat richteg Instrument fir iwwer dee laangen a komplizéierten Text vun der Verfassung ze decidéieren. Déi véier grouss Parteien haten decidéiert d'Iddi vun engem Referendum falen ze loossen, nodeems d'Reform a véier Deeler opgespléckt gouf.

Fir d'Simone Beissel ass de Referendum en Instrument, dat just bei spezifesche Froen "exzellent" wier. All déi grouss Referenden zu Lëtzebuerg wiere gescheitert, wann den Text ze grouss gewiescht wier. Als Beispill nennt d'Simone Beissel de Referendum iwwer déi europäesch Verfassung.

"Wann dir esou riseg Texter hutt, do ass et ëmmer méiglech, datt een Artikel Iech net geet, an da stemmt der Nee. An et ass wéinst der Technicitéit, wou mer eis gesot hu wéi mer mat all den Experte geschwat hunn: Ëm Gottes wëllen - de Referendum ass hei net de richtege Wee."

D'CSV, d'DP, d'LSAP an déi gréng haten zwar an hire Walprogrammer stoen, datt an engem Referendum iwwer d'Verfassungsreform ofgestëmmt gëtt. Déi véier grouss Parteien hunn des Iddi awer fale gelooss, nodeems d'Reform a véier Deeler opgespléckt gouf.