Coronavirus Verdeele vu Masken un Handwierksbetriber huet ugefaangen
"Haut um Freideg sinn d'Betriber mat engem Numm vun A bis J drun", erkläert den héije Beamte Gilles Feith, zoustänneg fir d'Logistik an der Cellule de crise.
Muer ass et un den Entreprisë vu K bis P, an e Sonndeg un deene vu Q bis Z. E Méindeg kënnen dann nach all déi Handwierker hir Maske siche kommen, déi de Weekend net konnte kommen. Fir d'Masken um Findel dierfe matzehuelen, muss ee seng Carte d'artisan, oder eng schrëftlech Autorisatioun vum Betrib virweise kënnen.
Entreprisen mat méi wéi 50 Salariéë sollen d'Maske vun haut u mat der Post bruecht kréien. Déi déi ënner 50 Salariéen hunn, sollen e Bon de Retrait geschéckt kréien, mat deem si vun der nächster Woch un op de Postbüro kënne goen, fir do hir Masken ofzehuelen.
Groussen Opwand, fir déi néideg Saachen op Lëtzebuerg ze kréien
D'Schutzmasken, déi elo verdeelt ginn, wieren all aus China geliwwert ginn, sou de Gilles Feith. Hie këmmert sech an der Cellule de Crise vun der Regierung ëm d'Logistik a betount, et misst een oppassen, wat ee keeft. Et wieren immens vill onseriö Offeren um Marché, an dofir misst ee sécherstellen, datt een "do seriö Offeren huet, mat seriöen a fermen Delaien.
"An dann ass et esou, wann een dann effektiv, déi Fournisseuren identifizéiert huet, déi eppes kënne liwweren - da musse mer och kucken: Wéi kréie mer dat op Lëtzebuerg, wei kréie mer dat heihin?"
Déi lëtzebuergesch Autoritéiten hätte mat der Cargolux a mat der HNCA staark Partner un hirer Säit, fir déi néideg Saachen op Lëtzebuerg transportéiert ze kréien.