Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vel'OH-System "funktionéiert net méi"

Transport

Vel'OH-System "funktionéiert net méi"

D'Vëloen, déi een an der Stad ausléine kann, hu grousse Succès. Zënter e puer Méint ginn et awer Problemer mat Vandalismus.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow
Patrick Goldschmit. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Den zoustännege Start Schäffe Patrick Goldschmit seet, datt de System, fir Vëloen an der Stad auszeléinen, déi lescht Jore gutt geklappt hätt. Vandalismus hätt awer an de leschte Méint zougeholl, wat si géif viru grouss Erausfuerderunge stellen.

Am Garer Quartier géif am meeschte futti gemaach ginn. Den Exploitant JC Decaux wier iwwerrascht ginn: aktuell missten 200 Vëloe gefleckt ginn. "Et brauch Zäit déi ze reparéieren an och Ersatzdeeler hier ze kréien", esou den DP-Politiker:

"Mir rappelléiere JC Decaux, datt genuch Material muss zur Verfügung stoen, datt si och genuch Leit hunn, déi Vëloen asammele ginn a se flécken. Wann bis elo ee Mecanicien duergaangen ass, brauch een der elo vläicht fënnef (...) Bei der Ausschreiwung vun 2017 hate mir e System gefrot, dee fonctionéiert - dat ass aktuell awer net méi de Fall."

De Patrick Goldschmit weist sech iwwerrascht iwwert d'Diskussioun ëm en méiglechen zweeten Exploitant - eventuell en CIGL. Bei der leschter Ausschreiwung hätt kee CIGL sech gemellt. Et wéilt een och keen zweeten Exploitant, mee just e System, dee funktionéiert.