Buchkritik Velina Minkoff - Les shorts rouges
No hirem éischte Wierk "Le Grand Leader doit venir nous voir", dat op Franséisch bei Actes Sud erauskoum, huet déi bulgaresch Schrëftstellerin Velina Minkoff en neit Band mat kuerze Geschichten bei Maisonneuve & Larose publizéiert. D'Valerija Berdi huet dëse Recueil fir eis gelies.
Nach emol Kandheetserënnerunge vun der Velina Minkoff. Dës Kéier net an engem Roman, mee an eenzel kleng Geschichte verpaakt. Erënnerungen, oder eben dat, wat vun hinnen iwwereg bliwwen ass, gemëscht mat Fiktioun - mee sinn dat net all eis Souveniren? - ginn deelweis an eng ganz fréi Kandheet zeréck.
Et ass d'Famill, d'Appartementshaus, d'Noperen an dat direkt Ëmfeld, déi am gréissten Deel vum Buch de Raum fëllen. Eng Groussfamill, wou dräi Generatiounen ënner engem Dag wunnen, mat Tattaen a Monnien, an am Zentrum dat klengt Meedchen am kommunistesche Bulgarien.
Déi "grouss Inconveniente vum Kommunismus"
Wat sinn d'Suergen an Erliefnisser vun engem klenge Kand? Et spillt mat sengem Brudder, et ass besonnesch frou mat sengem Grousspapp, et gëtt vun der Botzfra méi erzu wéi vun den eegenen Elteren, et iergert gären d'Nopesch, an et fiddert Kaze mat Kiischtekären.
Eng guttbiergerlech Famill, an där Bildung, Liewensfreed a Luxus vill Plaz hunn. Och wann de sozialistesche Knätsch kee Goût huet, kann een awer grouss Blose maachen, et muss ee sech alt ploen an e laang knaen. Et gëtt och nach festgestallt, datt den Toblerone-Schockela besser schmaacht, wéi dee bulgareschen, datt et d'Botzfra iergert, wa Schockelasmousse um Buedem giess gëtt, an d'Nopesch net frou ass, wann d'Kanner Iessensreschter vum Balcon geheie fir d'Kazen ze fidderen an d'Haut vun der Zoossiss net um Buedem, mee un hirer Wäsch hänke bleift.
Dat sinn alt déi grouss Inconveniente vum Kommunismus.
Literatur huet en aneren Optrag
Mee, et gëtt jo nach d'Méiglechkeet vum Ausreesen, et gëtt d'Flucht oder awer de ganz legalen Openthalt am Ausland, wann zum Beispill en Elterendeel Ambassadeur zu London ass. Mee och do erlieft een als Kand en Trauma, wann een dann net an der chrëschtlecher Chorale dierf matsangen an dowéinst och nach d'Schoul muss wiesselen. Gott sei Dank, oder dann éischter dem Velina säi Dank, ass déi nei Schoul awer och ganz cool an och do hu mer en Happy End.
Bon, e muss een net onglécklech sinn am Kommunismus, au contraire, et ass souguer angeneem mol schéin Erënnerungen ze liesen, mee d'Literatur huet vläicht en aneren Optrag. Wéi wier et mat engem aussergewéinleche Stil, beréierende Beschreiwungen, originelle Reflexiounen? Mat Ironie oder gewëssenem Humor?
Ee langweilegt Buch
Näischt vun all deem sinn ech an dëse Geschichte begéint. Trivial Dialogen, eng Nostalgie, déi ee kal léisst, Versich witzeg ze sinn, wat awer just peinlech eriwwer kënnt. Kuerz: esou engem langweilege Buch sinn ech scho laang net méi begéint.
An do hëlleft och déi luewend Introduktioun vum Iwwersetzer net, et ass ze hoffen, dat d'Velina Minkoff d'Publizéieren entweder méi seriö hëlt oder et einfach si léisst.