Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Parteikongresser iwwer de Weekend

Europawahlen 2019

Véier Parteikongresser iwwer de Weekend

Véier Parteien haten hire Kongress fir d'Europawahlen dëse Weekend. DP, déi gréng, ADR an déi Lénk hunn hir Kandidatinnen a Kandidaten, souwéi hire Wahlprogramm virgestallt. D'ADR presentéiert hire Programm ee Mount virun de Wahlen.

auto_stories

4 min

DP: "Sozial, liberal, europäesch".

Dräi Fraen an dräi Männer stinn op der Kandidatelëscht vun der demokratescher Partei. Spëtzekandidate sinn de Charel Goerens, den aktuellen Europadeputéierten, an d'Monica Semedo. Weider zwee Deputéiert, de Gusty Graas an d'Simone Beissel gi mat an d'Europawahlen, grad wéi d'Anne Daems an de Loris Meyer.

Europa wier ee Friddensprojet, sot d'Parteipresidentin Corinne Cahen um Europakongress vun der DP zu Walfer. A wann Europa soll ee Friddensprojet an een Zukunftsprojet sinn, da misst Europa ganz séier méi sozial a méi solidaresch no bannen an no bausse ginn, esou d'Corinne Cahen.

De Xavier Bettel bei der Presentatioun vum DP-Wahlprogramm.

De Klimamarsch war och een Thema zu Walfer. Am Wahlprogramm vun der DP soll de Klimaschutz een zentrale Punkt ginn, esou de Mueren den Appell um DP-Kongress vum Charel Goerens, aktuellen Europadeputéierten a fréieren Ëmweltminister. Hie sot, datt et haut keng Illusioun méi wier, d'Energieversuergung iwwer d'Photovoltaik an iwwer d'Wandkraaft ze garantéieren. Weider missten déi räich Länner déi méi Arem bei der energetescher Transitioun hëllefen.


Detailer mam Carole Schimmer:

Lauschterenplay_arrow


déi gréng: "Nei engagéiere fir eis Zukunft"

déi gréng gi mam Slogan "nei engagéieren fir eis Zukunft" an den Europawahlkampf. Si setze sech ënner anerem an dofir, datt en eenheetlechen Zuchreseau an der EU opgebaut gëtt, an datt de Wahlalter bei den Europawahlen an der ganzer EU op 16 Joer erofgesat gëtt.

Déi sechs Kandidatinnen a Kandidate fir déi gréng. Foto: Sam Tanson (Facebook).

Djuna Bernard an de Christian Kmiotek sti fir déi nächst zwee Joer un der Spëtzt vun der grénger Partei: Déi zwee Politiker goufen zu Mutfert um Kongress vun deene Gréngen als Parteipresidenten gewielt. Déi 26 Joer al Djuna Bernard sot, si wéilt d'Erneierung vun der Partei virundreiwen:

Lauschterenplay_arrow

Op hirem Kongress zu Mutfert hunn déi gréng och hire Wahlprogramm fir d'Europawahlen ugeholl: Eng 140 Parteimemberen hunn de Programm eestëmmeg ugeholl. De Spëtzekandidat Meris Sehovic huet ënnerstrach, déi gréng wéilte sech fir eng méi mënschlech Migratiounspolitik asetzen:

Lauschterenplay_arrow


ADR: "Fir en Europa vun den Natiounen"

D'ADR geet mam kloren Zil an d'Europawahle fir eng éischte Kéier en Europadeputéierten ze stellen: "Mat manner sollte mir eis net zefridde ginn", sot de President Jean Schoos um Nationalkongress vun der alternativ demokratescher Reformpartei zu Useldeng.

D'ADR wëllt hire Wahlprogramm eréischt ee Mount virun de Wahle presentéieren.

Op deem Kongress ass hien iwwregens mat 90 vun 99 gültege Stëmmen als Parteipresident confirméiert ginn. Och d'Mandat vum Generalsekretär Alex Penning ass ëm ee Joer verlängert ginn, mat souguer 93 vun 99 Stëmmen.

Hire kompletten Wahlprogramm presentéiert d'ADR de 25. Abrëll, also exakt ee Mount virun der Echeance.


Detailer mam Maurice Molitor:

Lauschterenplay_arrow


déi Lénk: "Eist Liewen. Net hir Profitter."

"Eist Liewen. Net hir Profitter". Mat deem Slogan ginn déi Lénk an d'Europawahlen. Op hirem Kongress hu si iwwer hire Wahlprogramm ofgestëmmt. Haaptfokus sinn engersäits déi ekologesch an déi sozial Kris an Europa, an anerersäits eng EU, déi méi no un de Bierger soll sinn.

Déi Lénk konzentréiere sech an hirem Wahlprogramm op déi ekologesch a sozial Kris, an op en Europa, dat méi no un de Leit soll sinn.

Donieft goufen hir sechs Kandidatinnen a Kandidate virgestallt. Mam Carole Thoma a mam David Wagner hunn déi Lénk eng duebel Spëtzt. De Gary Didierch, Sandrine Gashoga, Mara Martins an Antoni Monserrat komplettéieren déi paritéitesch Lëscht. Zil ass et, ee Sëtz am Europaparlament ze kréien.


Detailer mam Claude Biver:

Lauschterenplay_arrow