Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Riding For The Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véier nei Infirmiers-Bacheloren ab September

Universitéit Lëtzebuerg

Véier nei Infirmiers-Bacheloren ab September

Op der Uni Lëtzebuerg solle vu September u véier Bachelor-Spezialisatioune fir den Infirmiersberäich ugebuede ginn. Dat an der Anästhesie a Reanimatioun, Pediatrie, Psychiatrie an Technesch a Chirurgesch Assistenz. D'Plaze sinn allerdéngs begrenzt: jeeweils 15 Studente géinge pro Spezialisatioun ugeholl ginn. Aschreiwe kënne sech och nëmme Persounen, déi ee BTS fir Infirmier gemaach hunn, oder soss eng Zouloossung zum Beruff hunn. D'Aschreiwunge fir d'Bachelor-Spezialisatioune lafen nach bis de 17. Juli.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Anästhesie a Reanimatioun, Pediatrie, Psychiatrie an Technesch a Chirurgesch Assistenz. Dat sinn déi véier Spezialisatiounen, déi op der Uni.lu vu September un wäerten ugebuede ginn.

Méi Plazen an der Zukunft?

Ma d'Plaze si begrenzt. Jeeweils 15 Studente géingen ugeholl ginn, erkläert Laurence Bernard, eng vun den Directricë vun den Infirmiersbacheloren.

"La limite c'est un indicateur, parce qu'au départ on a copie un peu la limite de ce qui existait déjà dans les BTS. Et comme là, comme on commence, on va se donner une petite chance. C'est-à-dire, de déployer les efforts et puis de voir comment ça se passe et si ça se passe bien. Peut-etre qu'on augementra."

Aschreiwe kënne sech och nëmme Persounen, déi ee BTS fir Infirmier gemaach hunn oder soss eng Zouloossung zum Beruff hunn. Déi genannte Spezialiséierunge wäerten dee Moment och net méi an der Infirmiersschoul, dem LTPS ugebuede ginn.

D'Ausschaffe vun de Bachelorstudiegäng wieren a Kooperatioun mam LTPS geschitt, esou de Claude Meisch, Recherche- an Héichschoulminister op Nofro hin. Deemno dierften et do och keng Iwwerschneidunge ginn.

Offer am medezinesche Beräich klëmmt weider

Et géing bei deenen neie Studiegäng och net nëmmen em Ausbildung goen, ma och d'Recherche an der Science Infirmiere soll gefuerdert ginn, esou de Jens Kreisel, Rektor vun der Uni.lu.

Fir de September 2024 goufen dann nach dräi weider Bachelorstudiegäng fir den Infirmiersberäich ugekënnegt. D'Marie Friedel, Co-Directrice vun de Sciences Infirmiers op der Uni Lëtzebuerg:

"Celui en sciences infirmiers : Infirmier responsable des soins généraux. Celui en sciences maïeutiques, c'est-à-dire, sages-femmes et enfin celui d'assistant technique médicale en radiologie."

Weider gouf dann och de Point gemaach vum Bachelor fir Medezin. Do wäerten dëst Joer am Hierscht déi éischt 13 Studenten hiren Ofschloss maachen, esou de Gilbert Massard, Direkter vun de medezinesche Studiegäng.