Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Veianen: Tourismus-Magnéit mat lokale Problemer

Gemengewalen 2023

Veianen: Tourismus-Magnéit mat lokale Problemer

Veianen ass eng vun de populäersten Tourismus-Destinatiounen zu Lëtzebuerg. Mee trotz ville Visiteure leeft net alles optimal mam Tourismus zu Veianen. D'Veianer Schwämm, zum Beispill, déi renovéiert muss ginn, an de Kloterpark, sinn nach ëmmer zou. Och bei de Gemengewale an der Majorzgemeng Veianen spillt den Tourismus elo eng Roll.

auto_stories

4 min

Foto: Pierre Reyland

Déi oppe Veianer Schwämm läit an engem Hang op der anerer Säit vis a vis vum Schlass. Zanter méi wéi zwee Joer ass se lo zou. Zu Veianen wiere vill Leit frou, wa se nees op wier. Dorënner de Max Kraus. Hie féiert zanter 30 Joer mat senger Fra en Hotel zu Veianen. Iwwer d'Schwämm wier an der Lescht manner geschwat ginn. Mat de Gemengewalen huet sech dat geännert.

"Wéi dat dann ëmmer sou ass, wa Wale sinn, dat gëtt nees e bësse méi driwwer geschwat. Also déi Schwämm ass ganz wichteg. Jidderee seet déi schéinste Schwämm aus dem Land, an da gëss de ëmmer rëm drop ugeschwat, wéini geet se op."

De Veianer Buergermeeschter ënnersträicht, datt et net méiglech wier fir d'Schwämm an de nächsten 2-3 Joer opmaachen ze kënnen. Si kéinten esou ee grousse Projet net eleng stëmmen.

Mat "Projet" ass dat neit Konzept fir d'Schwämm, mat Business-Plang, gemengt, dat d'Gemeng vun der Lëtzebuerger Firma MC zesumme mat enger Schwäizer Firma ausschaffe gelooss huet.

D'Veianer Schwämm ass vu 1971 an huet iwwer 50 Joer um Bockel. Se soll elo net just a punkto Technik a Sécherheet nei gemaach ginn, mee dee ganze Site soll opgewäert ginn - mat neier Rutsch, Kannerbasséng, Terrassen op der Wiss, enger Bün. Mee dat alles kascht... ronn 15 Milliounen Euro waren am Ufank, elo läit de Käschtepunkt scho bei op d'mannst 18 Milliounen Euro. D'Gemeng kann sech dat net leeschten, a freet dofir Hëllef vum Staat. Den Tourismusminister Lex Delles an de Sportminister Georges Engel hu prinzipiell Subventioune fir d'Veianer Schwämm zougesot.

Och mat Subventioune géif d'Schwämm en deiere Projet fir d'Gemeng bleiwen, betount de Buergermeeschter Claude Tonino.

Buergermeeschter vu Veianen, Claude Tonino

Käschte vum Tourismus fir d'Gemeng

Den Tourismus bréngt de Veianer Hoteller, Restaurateuren an anere Betriber natierlech vill - si liewen dovun. D'Gemeng selwer kritt mam Tourismus net immens vill an hir Keess, erkläert de Finanzschäffe Kevin Pereira Esteves.

Mam Sessellift géif d'Gemeng zwar en Ëmsaz vu ronn 600.000 Euro d'Joer maachen, mee dovu géife just 150.000 Euro Benefice bleiwen. Weider touristesch Recettë kritt d'Gemeng just duerch d'Campingen. Duerch d'Schlass net, dat gëtt vun der asbl Les Amis du Château geréiert.

E weidere Käschtepunkt wier d'Tourismus Promotioun, déi d'Gemeng selwer an d'Hand geholl huet. Nodeems de Syndicat d'Initiative sech 2020 opgeléist hat, huet d'Gemeng en Tourismusbüro mat zwee Mataarbechter opgemaach.

Dobäi misst d'Gemeng, nieft den Tourismus Infrastrukturen, och vill an aner wichteg Infrastrukturen investéieren, betount de Buergermeeschter Claude Tonino. Den Ausbau vun de Schoulinfrastrukturen, eng nei Maison Relais déi Enn dës Jores soll opgoen, e neie Centre Médical a weider Depense fir Héichwaasserschutz.

Och de Kloterpark am Bildchensbësch zu Veianen ass zou. Beim Kloterpark gouf et Sécherheets-Problemer. Vill Beem, wou d'Installatiounen ugemaach sinn, si futti oder onstabil. Héich Investitioune wieren och beim Kloterpark néideg gewiescht, déi d'Gemeng net droe wollt. Mee, fir en aner Bedreiwer ze fannen, wier schwéier, wann net esou guer onméiglech.

An den Ëmweltministère wäert och kaum nees eng Geneemegung ginn, fir e Kloterpark am Bësch, De Claude Tonino ass sech dofir sécher, dass de Veianer Kloterpark net méi wäert opgoen op där Plaz wou e war.

Tourismus ass keen Haaptwalthema méi

De Claude Tonino, Member vun der LSAP Norden, kandidéiert nach emol fir d'Gemengewalen. Wann d'Resultat et erlaabt wär hie bereet, Veianer Buergermeeschter ze bleiwen. En anere Buergermeeschter an en aner Schäfferot wëll par konter d'Biergerlëscht "No beim Bierger". Ee vun hire néng Kandidaten ass de Paul Petry.

Dem Buergermeeschter a Schäfferot reprochéiert hie virun allem eng schlecht Kommunikatioun. Den Tourismus wier hautzedaags zu Veianen keen Haaptwalthema méi, mengt de Paul Petry.

"Haut ass et esou, datt eng kléng Minoritéit vu Leit nach hir Suen am Tourismus verdéngen, dofir ass dat elo am Moment kee Risenthema méi."

Trotzdeem leet och déi Veianer Biergerlëscht, bei den Diskussiounen iwwer déi touristesch Infrastrukturen zu Veianen, gären hire Pefferkär bäi. De Paul Petry ass der Iwwerzeegung, datt d'Schwämm ni hätt missen zougemaach ginn.