D'Amerikanerinne wëllen hiren Titel vun 2015 halen a ginn als grouss Favoritten an d'Finall den Owend. Si hunn zanter der Gruppephas mat Frankräich, Spuenien an England dräi héichgehandelt Equippen erausgehäit. Deementspriechend optimistesch sinn déi agereesten amerikanesch Fans.
"Ech fannen et gutt, datt d'Matcher duerch Frankräich verdeelt waren, dat huet alle Fransousen erméiglecht, sech e bësse concernéiert ze fille vun dësem Tournoi", sou eng Awunnerin vu Lyon. Op der Place Bellevue am Zentrum vun der Stad ass eng Fan-Zon ageriicht, gutt Wieder mat bis zu 37 Grad an d'Caféë mat den Terrassë laanscht d'Saone suergen dofir, datt sech Fussball-Touristen aus der ganzer Welt kenne léieren.
Et gouf awer och Kritik un den Organisateuren. Virun an no de Matcher wier et schwéier ëm de Groupama-Stadion zu Lyon ze zirkuléieren. A punkto Sécherheet wier een awer zefridden, si wier dezent an net erdréckend.
D'Bilanz iwwer d'Weltmeeschterschaft a punkto Spillqualitéit a Mediepresenz fält bei de Spectateuren allgemeng positiv aus. Den Niveau wier méi héich, wéi virun e puer Joer. "Dat weist, datt d'Professionaliséierung an d'Suen, déi an de Fraefussball gestach ginn, en Impakt hunn", sou ee Fussballfan aus England. Do wier d'Halleffinall tëschent England an den USA op der BBC souguer de meescht gekuckte Programm vun 2019. Fir haut gëtt zu Lyon ee volle Stadion erwaart an - egal wéi de Match ausgeet - eng Party vun den Amerikaner an den Hollänner bis déif an d'Nuecht.