Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urteel an der Affär ronderëm d'Hesper Gemeng

Prisongsstrofen a Geldstrofen

Urteel an der Affär ronderëm d'Hesper Gemeng

Déi zwee Ex-Gemengebeamten, déi ronn fënnef Milliounen Euro an der Hesper Gemeng ënnerschloen hunn, krute souwuel Prisongsstrofe wéi och Geldstrofen a Schuedensersatz a Milliounenhéicht. Déi zwee Ex-Beamte sollen déi Hesper Gemeng wärend 20 Joer zesummen ëm iwwer 5,2 Milliounen Euro geschiedegt hunn. Dat iwwer fiktiv Rechnungen a fiktiv Gesellschaften.

auto_stories

2 min

Symbolbild: Bigstock / N.Forenza

Lauschterenplay_arrow


Siwe Joer Prisong, dovunner d'Hallschent op Sursis, a 50.000 Euro Geldstrof. Dat ass d'Urteel fir den Haaptugekloten an der Affär ronderëm d'Detournementer an der Hesper Gemeng. De Beschëllegten ass schonn zanter dräi an engem hallwe Joer an Untersuchungshaft.

Keng Iwwerraschunge bei der Prisongsstrof

De fréiere Finanzchef vun der Gemeng Hesper huet deemno de Gros vu senger Strof schonn ofgesiess. Wat de Schuedensersatz ugeet, muss den Ugekloten déi 5,5 Milliounen Euro, déi d'Gemeng Hesper gefrot hat, zeréck bezuelen.

D'Geriicht huet an dem Kontext souwuel Immobilië wéi och Autoen an aner Wäertsaache konfiskéiert.

Fir den Affekot vum Haaptugeklote wier d'Prisongsstrof sou wéi erwaart. Wat de Schuedensersatz ugeet wier een awer manner zefridden. De Partage vun der Responsabilitéit, deen den Affekot an éischter Instanz invoquéiert hat, well d'Gemeng selwer noléisseg geschafft hätt, wier net zeréck behale ginn.

"Weit iwwer fënnef Milliounen si gefrot ginn. An et sinn déi 5 Milliounen Euro ginn. Dorausser schléisse mir, datt e Partage de responsabilité hei net zeréck behale ginn ass. Soss wier de Montant manner héich gewiescht. An elo musse mir kucken, wéi dat am Urteel argumentéiert ass, an op mir an där Fro Appell maachen."

Den zweeten Ugeklote gouf zu fënnef Joer Prisong mat dräi Joer Sursis an enger Geldstrof vun 30.000 Euro verurteelt. Fir hie gouf ee Schuedenersatz vun 1,7 Milliounen Euro gesprach.

Sengem Affekot no wier nach onkloer, op ee wéilt an Appell goen oder net.

D'Fuerderunge vun der Gemeng goufen erfëllt

Den Affekot vun der Hesper Gemeng dann ass kloer zefridden iwwer d'Urteel.

"Wat wichteg ass, ass, datt festgehale gouf, datt d'Gemengenautoritéiten zanterdeem wou dee Misär entdeckt ginn ass, quasi all confirméiert goufen an hirer Aktioun. Dat heescht, de Schuedensersatz, deen d'Gemeng gefuerdert huet, ass quasi integral zeréck behale ginn."

Well déi iwwer fënnef Milliounen Euro, déi d'Gemeng an den Hesper Syndicat Initiative zeréck gefuerdert hunn, zeréck behale gi sinn, wier d'Hesper Gemeng mat dem Urteel och zefridden, seet den Affekot vun der Gemeng Hesper.

Den drëtte Beschëllegten, een Entrepreneur, deen eng falsch Rechnung un d'Gemeng ausgestallt huet, krut ee Joer Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof vu 15.000 Euro. 40 Deeg hunn d'Ugekloten elo Zäit fir an Appell ze goen.