D'lescht Joer huet d'Fondatioun Kriibskrank Kanner 303 Famille betreit, dorënner 36 nei Kannerkriibs-Patienten déi tëschent 0 a 17 Joer al waren.
Vill Trajeten an d'Ausland sinn néideg
Déi meescht vun hinne misste fir hiren Traitement an d'Ausland goen, well et sech beim Kannerkriibs em eng rar Krankheet géing handelen, mat méi ewéi 60 verschidde Kannerkriibs-Zorten, erkläert d'Direktesch vun der Fondatioun Anne Goeres:
"Wa mir elo missten e Service hei hunn, deen all déi Patiente géing behandelen, da bräichte mir zéng verschidde Spezialiste fir 36 nei Fäll d'Joer. Dat heescht dat mécht u sech kee Sënn, well déi Dokteren, déi hätten dann och net genuch Patiente fir hir Erfarung ze sammelen, fir Accès ze hunn op innovativ Therapien."
D'Eltere vun de klenge Kriibspatiente géingen Deels laang Trajeten op sech huele fir an e Referenzzenter an d'Ausland ze fueren. Iwwerhaapt géing sech bei den Elteren an der Zäit alles dorëmmer dréien, datt hiert Kand nees gesond gëtt.
Fir dat se dat och kéinte maachen, misst de Congé pour raisons familiales ugepasst, respektiv erweidert ginn, fuerdert d'Fondatioun Kriibskrank Kanner.
"Zum Beispill, datt heiansdo d'Eltere kënnen de Congé zesummen huelen, wann et dorëms geet, e Protokoll ze erklären, oder wa bësse méi schwéier Situatioune sinn. Oder wann zum Beispill d'Famill och 2, 3 kleng Kanner doheem huet an d'Mamm mat deem enge wäit am Ausland ass, an de Papp muss kucken, datt en mat deenen anere Kanner eens gëtt."
Datt et de Congé pour raisons familiales zu Lëtzebuerg géif misst een allgemeng awer als Chance gesinn, seet d'Anne Goeres.
Suite vum Kannerkriibs sollen nach méi an de Fokus réckelen
De Kriibs wier och net fäerdeg wa keng Kriibszelle méi do wieren, erkläert d'Anne Goeres weider. Dofir wéilt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner an Zukunft nach vill méi un de Suite vum Kannerkriibs mat de klenge Patiente schaffen.
"D'Krankheet oder d'Schwieregkeet sinn net fäerdeg wann de Kriibs net méi do ass. An dat ass eppes wou mir hoffen elo ab 2023 eis nach vill méi kënnen dorop ze konzentréiere fir eis Patienten an hir Famillen net domat eleng ze loossen."
All Joer géingen nach ëmmer 6.000 Kanner an Europa u Kriibs stierwen, esou nach d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Dofir géing sech d'Fondatioun zanter eng Partie Joren och geziilt fir d'Recherche asetze mat der Initiativ Fight Kids Cancer.