Ee Service, ob dat elo een universitäre Service oder e Standard-Service ass, géing doduercher funktionéieren, datt engersäits Dokteren a Soignanten do sinn, an op där anerer Säit well Patienten do sinn. Wann een ee Spidol ouni Patienten huet, géing sech den Notzen a Grenzen halen, seet de Gilbert Massard.
"Dir hutt och aner Länner, wou net een Unispidol eleng do steet, mee eng Rei Spideeler mat der Uni zesummeschaffen. Dat, mengen ech, wier de Modell, deen am beschte géif funktionéiere fir Lëtzebuerg. Well firwat solle mer elo nach e grousst Gebai bauen, an eis herno d'Fro stellen: Wie setze mir dann elo doranner?"
Bis op Weideres kee Masterstudium um Belval
Zanter 2020 kann een de Bachelor an der Medezin, also déi éischt dräi Joer, um Belval maachen. An och eng Spezialisatioun als Generalist, Onkolog oder Neurolog ginn ugebueden.
Fir de Master mussen déi zukünfteg Dokteren awer op eng Uni an d'Ausland. Kann et sinn, datt een enges Daags och fir de Master hei am Land bleiwe kann? Et misst een ofwaarden, seet de Gilbert Massard.
"Do huet eise Minister ee ganz kloere Message ginn. Hien huet an der Lescht e puer Mol betount, datt déi zwou éischt Promotioune vun de Bachelorstudente mussen evaluéiert ginn, an da gëtt d'Decisioun geholl, ob mir ee Master ubidden, oder ob mir eis weider just op de Bachelor begrenzen."
De Bachelor-Studiegang an der Medezin, dee virun 3 Joer op der uni.lu lancéiert gouf, war vu vir eran och als eng Mesure géint de Manktem un Dokteren hei am Land geduecht. Mee geet déi Rechnung op wann ee fir de Master an déi meescht Spezialisatiounen egal wéi an d'Ausland muss goen?
Bleiwen d'Medezin-Studenten zu Lëtzebuerg?
Ob se duerno zréck op Lëtzebuerg kommen, weess och de Gilbert Massard haut nach net. Et misst een déi Fro am Joer 2030 stellen, wann de siwe Joer laange Parcours vun den aktuelle Studenten op een Enn geet. D'Hoffnung op ee Retour vun de Studenten op Lëtzebuerg ass awer op jidde Fall do.
"Mir hunn Hoffnung, datt dat effektiv esou funktionéiert, well se vill Stagen hunn. Doduerch hoffe mir, datt se fir sech eng Rei Opportunitéiten an de Spideeler hei gesinn. Oder och bei de Generalisten. Mir halen och drop, datt se zwou Wochen ee Stage bei engem Generalist maachen."
Wann een op enger gréisserer Unis-Klinik ass, da géing een alles léieren, ausser dat, wat d'médecine générale richteg duerstellt, betount de Gilbert Massard. Hien denkt, datt méi Leit Generalist gi wieren, wa si wärend hirem Studium d'Chance gehat hätten, och deen Aspekt vun der Medezin ze entdecken.