Radioen

On air

9 bis 1  |  Craig Finn - People Of Substance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNISEC zu Dräibuer ass zanter engem Joer ausgelaascht

Nëmmen eng bis zwou Plaze fräi

UNISEC zu Dräibuer ass zanter engem Joer ausgelaascht

Déi héich Fluktuatioun an der Unité de Sécurité zu Dräibuer huet et erméiglecht, datt dat 13 Joer jonkt Meedchen awer eng Plaz an der UNISEC kruut. Virdrun huet hatt misse provisoresch am Prisong fir Ewuessener zu Schrasseg ënnerkommen. Trotzdeem ass d'UNISEC eegenen Aussoen no regelméisseg un hire Limitten an huet nëmmen eng bis zwou Plaze fräi.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Zwielef Schlofkummeren, opgedeelt op véier Wunngruppen, ginn et an der Unité de sécurité zu Dräibuer. Eng Schlofkummer gëtt allerdéngs grad renovéiert, erkläert den Direkter vun der UNISEC Ralph Schroeder. Déi aner eelef Kummere sinn alleguer besat.

Héich Fluktuatioun an der UNISEC

Net méi spéit wéi dëse Méinde konnt ee Jong aus der UNISEC entlooss ginn, nodeems ee Rapport iwwer seng Situatioun gemaach gouf an d'Geriicht den Accord ginn huet. Dëst huet et erméiglecht, datt dat jonkt Meedchen, wat een anert Meedche mat enger futtisser Béierfläsch ugegraff hat, awer nach séier konnt an d'UNISEC transferéiert ginn.

Dës Auslaaschtung an och déi héich Fluktuatioun wier schonn zanter leschtem Joer relativ normal, seet de Ralph Schroeder.

"2022 hate mir ëm 50 nei Accueilen an der UNISEC, an och esou vill Sortien. An dat ass jo bal een an der Woch."

Individuell Betreiung

D'Gesetz gesäit vir, datt d'Meedchen elo viraussiichtlech fir dräi Méint um zouene Site zu Dräibuer misst bleiwen. An där Zäit géif d'Meedche betreit ginn an een individuelle Projet géif erstallt ginn, fir de weidere Werdegang ze definéieren. Dofir wieren net nëmmen Erzéier, ma och Sozialpedagogen a Psychotherapeuten zoustänneg, betount den UNISEC-Direkter.

No sechs Woche géif een dem Geriicht dann een éischte Feedback ginn, mat engem Fërderplang deen d'Ziler mat de Jonken zesumme festhält. Doropshi géif gekuckt gi wéi et no der UNISEC weidergeet, erkläert de Ralph Schroeder

Mat enger Reform vum Jugendschutz- a Strofrecht plangt d'Regierung een Ausbau vum Site zu Dräibuer. De Ralph Schroeder fënnt et an dësem Kader wichteg, datt et och méi Infrastrukture fir déi Jonk no der UNISEC gëtt.