Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Union des Propriétaires: Momentan nach net op Loyere verzichten

Suitte vum Coronavirus

Union des Propriétaires: Momentan nach net op Loyere verzichten

D'Unioun vun de Proprietäre recommandéiert hire Memberen den Ament nach net, an der Corona-Kris op Loyeren ze verzichten. Dat seet hire President, Georges Krieger am 100,7 Interview. D'Gemenge Lëtzebuerg, Esch, Diddeleng an Ettelbréck hunn haut matgedeelt, datt si bis op Weideres kee Loyer méi vu Commercë froen, bei deenen d'Gemeng Proprietär vum Gebai ass.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschterenplay_arrow


Déi meescht Commercen hunn awer Kontrakter mat private Proprietären. An u si goung en Appell, vu Ministeren, Buergermeeschteren an Organisatiounen, sech solidaresch ze weisen, a mat hire Locatairen iwwer eventuell Loyers-Verzichter oder Reduktiounen ze diskutéieren.

De President vun der Union des Propriétaires, Georges Krieger, seet dozou, datt d'Loyere vum Mount Mäerz bezuelt gi wieren.


De Georges Kriegerplay_arrow


"D'Kris déi mer hei hunn, sou aktuell wéi se ass, ass eréischt zanter zéng Deeg. Wa fir d'Commerzanten eng 'Durststrecke' do ass, vu 14 Deeg, dräi Wochen, da misst dat kee Problem sinn, et sief dann, et war vun Ufank un e Betrib, dee Schwieregkeeten hat."

Dat heescht: D'Positioun vun der Union des Propriétaires ass, am Moment net op de Loyer ze verzichten. Mee wann et sech iwwer eng länger Zäit strecke sollt, recommandéiert d'Union des Propriétaires all hire Memberen an de Proprietären, si solle Flexibilitéit weisen an de Locatären d'Méiglechkeet zougestoe fir, zum Beispill, de Loyer an zwou Kéieren, oder méi spéit ze bezuelen. Mee einfach esou, elo direkt drop ze verzichten, wier relativ fréi, sou de Georges Krieger.