Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ UNICEF: Liewensmëttelonsécherheet am Sudan spëtzt sech zou

20 Millioune Sudanesen hunn net genuch ze iessen

UNICEF: Liewensmëttelonsécherheet am Sudan spëtzt sech zou

Krich an Honger kéinten de Sudan zerstéieren. Der UNICEF no trëfft d'Liewensmëttelonsécherheet aktuell 20 Millioune Sudanese vun enger Populatioun vun am Ganze 45 Millioune Mënschen. Virun allem d'Kanner leiden drënner, präziséiert de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


All Stonn gi 700 sudanesesch Kanner deplacéiert, schreift d'UNICEF an hirem Rapport. Wat se erlieft hu gëtt de Mataarbechter vun der UNICEF bericht, erkläert de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg.

"All déi Saachenm déi mir bericht kréien an déi mir publizéieren, gi vun eis iwwerpréift. Do sinn Eltere vu Kanner, déi eis erzielen, datt se gesinn hunn, wéi hir Famill virun hiren Aen ëm d'Liewe komm ass."

Problematesch sinn déi Kämpf och fir d'Mataarbechter vun den Hëllefswierker ewéi d'UNICEF. Lager mat Liewensmëttel a Büroe ginn attackéiert, an den Zougang zu de Mënschen am Land ass net ëmmer méiglech.

Ukrain Konflikt verschäerft d'Kris

100.000 Kanner riskéiere staark ënnererniert ze sinn, an dat huet grave gesondheetlech Konsequenzen, erkläert den Paul Heber.

"Dat si Famillen, déi mussen entscheeden, ob se manner iessen, oder un der Qualitéit spueren. An do si Läit, déi déi zwou Saache maachen. An dat bréngt eigentlech eng ganz Rei u Problemer mat sech: et si Kanner, déi net genuch ze iesse kréien, déi net gutt wuessen, an déi och net kënne gutt Erwuessener ginn, an déi d'Land net kënne virubréngen."

Och den Ukrain Konflikt verschäerft d'Liewensmëttelonsécherheet wéinst der Präisdeierecht.

"Hei am Sudan, wann eng Präisdeierecht kënnt, da ginn et Leit, déi virdru schonn net genuch ze iessen haten, déi Schwieregkeete kréien. Mir hu Berichter iwwer Läit, déi sech den Dünger net konnte kafe fir hir Recolten an e puer Méint. Dono hate se näischt méi fir ze iessen."

Krich an Honger kéinten d'Land zerstéieren

Och d'UNO warnt virun enger humanitärer Katastroph an der Regioun ëm de Sudan. De Konflikt tëscht der sudanesescher Arméi an dem Paramilitär vum Grupp RSF vun der Force de soutien rapide, ass zanter Abrëll eskaléiert. Wann déi aktuell Muechtkämpf am Land am Nord-Oste vun Afrika net bal op een Enn kommen, da riskéiert net nëmmen dat ganzt Land duerch de Krich an den Honger zerstéiert ze ginn, och déi ganz Regioun kéint an eng humanitär Katastroph geroden.

Weider beschwéiert sech d'UNO Organisatioun OCHA fir humanitär Hëllef iwwer de Manktem un Finanzmëttel. Ee Spendenopruff vun 2,4 Milliarden Euro wier bis elo just zu 26 Prozent gedeckt ginn.

Et ass deemno den Appell fir déi Hëllef, déi versprach gouf, och ze liwweren.